Henri Tudor

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Henri Tudor
Dem Henri Tudor säin Haus zu Rouspert, haut d'Gemengenhaus - 7. Mäerz 2009
Tudor-Monument am Rousperter Park - 9. September 2008

Den Henri Owen Tudor, gebuer den 30. September 1859 um Diesbuergerhaff (Diesburger Hof) bei Ferschweiler an der Äifel, a gestuerwen den 31. Mee 1928 zu Rouspert war e lëtzebuergeschen Ingenieur an Erfinder vum éischte brauchbare Bläiakkumulator.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Henri Tudor, Jong vum John Thomas Tudor an der Marie Loser, huet säi Lycée zu Chimay gemaach, an duerno, vun 1879 bis 1883 zu Bréissel op der "Ecole polytechnique" fir Ingenieur studéiert. Während senge Studien huet hie sech scho fir Elektrik intresséiert, besonnesch fir alles wat mat elektrescher Beliichtung a Stroumproduktioun ze dinn hat, an huet um Gebitt vun elektreschen Akkumulatore gefuerscht. 1882, wéi hien nach Student war, ass et him gelongen déi éischt Gläichstroumanlag opzeriichten. D'Akkumulatoren déi en entwéckelt hat an déi hir Energie vun engem Dynamo hirkruten dee vun der Rousperter Waassermille gedriwwe gouf, hu 16 Joer laang an engem Stéck funktionéiert. D'Tudors-Schlass war dann och eent vun den éischten Haiser an Europa dat ronderëm d'Auer elektrescht Liicht hat. 1886 huet den Tudor seng Erfindung zu Lëtzebuerg an 1887 a Frankräich patentéiere gelooss.

1884 huet den Henri Tudor den Energie-Won entwéckelt, e mobilen Akkumulator-Motor. 1886 huet hien zu Iechternach eng Zentral gebaut fir Stroum fir déi privat an ëffentlech Beliichtung ze liwweren. Déi entspriechend Konventioun hunn den H.O. Tudor an den Iechternacher Schäfferot den 30. Abrëll 1886 ënnerschriwwen.[1] Zu Rouspert huet hien, zesumme mat sengem Koseng, eng Fabréck fir d'Akkumulatoren ze produzéiere gebaut. No Iechternach si Commanden aus anere Stied nokomm.

D'Fabréck zu Rouspert ass geschwënn net méi nokomm, obschonn zäitweileg 30 Aarbechter do beschäftegt waren; och héich Onkäschten (Douanes-Taxen um Import vum Bläi an um Export vun de Maschinnen) hunn d'Affären erschwéiert. Dofir huet den Tudor Fabrécken an der Belsch zu Florival am Wallounesche Brabant , an a Frankräich, duerno och an aneren europäesche Länner, dorënner Däitschland an England, opgeriicht.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Société anonyme des accumulateurs Tudor Nuvola apps xmag.png

1890 ware méi wéi 1200 Tudor-Batterien uechter d'Welt am Asaz. Zäitweileg hu 25.000 Leit un der Produktioun vu senge Produkter geschafft.

1928 ass den Tudor un de Suitë vun enger Bläivergëftung gestuerwen.

Hien hat 1891 d'Madeleine Pescatore (1864-1941) bestuet. Si haten dräi Kanner, d'Anne (1892-1968), d'Marie-Antoinette (1896-1973) an den John (1899-1953).[2]

Nom Henri Tudor benannt[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Haag, Emile, 2011. Henri Tudor *1859 1928, le premier grand scientifique luxembourgeois, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 312-321.
  • Hoffmann, Emile (1959): Henri Owen Tudor, ingénieur, 1858-1928. Commémoration du centième anniversaire de sa naissance. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des Sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S. 26: 59-80.
  • Steinmetz, Aloyse (1981): Die Tudors in Rosport. Dokumentation über das Leben und die Verdienste der Gebrüder Tudor für ihre Heimatortschaft Rosport. Hrsg. von Lehrer Al. Steinmetz, gelegentlich des 100. Jahrestages des ersten Bleiakkumulators, der von Henri Owen Tudor gebaut wurde und in der alten Mühle des früheren Irminenhofes funktionierte <1881>. Luxembourg, Rapid Press, 68, (4) p.
  • Steinmetz, Aloyse (1995): Henri Owen Tudor konstruierte in Rosport einen elektrischen Bleiakkumulator, der weltweites Aufsehen erregte. Gester an Hätt, 8 (16): 3-11.
  • Steinmetz, Aloyse (1996): Henri Owen Tudor, Pionier auf dem Gebiet der Elektrizität. Heimatkalender 1997 Landkreis Bitburg-Prüm: 26-31.
  • Steinmetz, Aloyse (1998): Henri Owen Tudor, ein bedeutender Pionier unseres Landes. in: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, 19 (2-3): 401-422.
  • Schmid, Wolfgang (2009): Die Brüder Tudor in Rosport. Erfinder, Unternehmer, Jäger und Wanderer. Eifeljahrbuch 2009: 60-64.
  • Werner, Henri & Reiter, Ernest (2009): Henri Owen Tudor. L'impact d'une idée. Les Amis du Musée Henri Tudor, Éditions St. Paul Luxembourg, 271 S. ISBN 978-99959-629-0-6

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Henri Tudor – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Massard, Jos. A. (1997): 1886-1996: Hundertzehn Jahre elektrisches Licht in Echternach. Ein Beitrag zur Geschichte der öffentlichen und privaten Beleuchtung im 19. und frühen 20. Jahrhundert in Luxemburg mit Blick ins deutsche Grenzgebiet. Annuaire de la Ville d’Echternach 1996: 101-144.
  2. Antoine Wehenkel, Chronique de la Famille Pescatore, Luxembourg, Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique, 2002, pp. 182-183
  3. An der Gemengerotssitzung vum 28.3.1985; fréier "rue Monsanto". Cf. Massard 1997: 140.