Henri Werling

Vu Wikipedia
Henri Werling
Gebuer 14. Dezember 1879
Lëtzebuerg
Gestuerwen 22. Februar 1961
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Paschtouer
Graf vum Henri Werling zu Talinn

Den Henri Werling gebuer de 14. Dezember 1879 zu Lëtzebuerg a gestuerwen den 22. Februar 1961 zu Esna, Estland war e Jesuitt, Paschtouer an Apostoulischen Administrateur ad interim fir Estland.

Den Henri Werling, gëtt de 25. August 1912 zum Geeschtleche geweit a geet 1923 an Estland. D'kathoulesch Kierch an Estland hat deemools nëmmen zwou Paren zu Tallinn (Reval) an Tartu (Dorpat), déi trotz der Onofhängegkeet vun Estland zum letteschen Äerzbistum Riga gehéiert hunn. Den deemolegen Äerzbëschof Antonino Zecchini huet den Henri Werling als Paschtouer zu Tartu ernannt. Deem seng Aktivitéiten hunn et fäerdeg bruecht datt d'kathoulesch Kierch an Estland sech vergréissere konnt an och ëmmer méi unerkannt ginn ass. Den 13. Februar 1928 bréngt den Henri Werling mat Säravad tähed (lb: Stären déi liichten) fir d'éischt Kéier eng kathoulesch Zäitschrëft an estnescher Sprooch eraus.

Nodeem den Eduard Profittlich, och ee Jesuitt, dee Paschtouer zu Tallin war, den 13. Mee 1931 zum neien Apostouleschen Administrateur fir Estland ernannt gi war, huet den Henri Werling d'Par an der Haaptstad iwwerholl.

D'Graf vum Henri Werling ass um Liiva-Kierfecht zu Tallinn.

Vum 24. November 2016 bis de 7. Januar 2017 war an der Nationalbibliothéik eng Ausstellung mam Titel Une vie singulière... Henri Werling (1879-1961), un jésuite luxembourgeois en Estonie[1],[2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bodo Bost. "Ein Luxemburger Jesuit, der zum Glaubenszeugen in Estland wurde". Luxemburger Wort, 6. Mee 2000.
  • Bodo Bost. "Vor 40 Jahren starb P. Henri Werling SJ, ein Luxemburger Glaubenszeuge in Estland". Die Warte 2001, N° 7 (22. Februar), S. [4]; N° 8 (8. März), S. [4].
  • Bodo Bost. Jesuiten in Estland 1923 bis 1961 : neue Publikation bringt mehr Licht in das Wirken des in der Sowjetunion verstorbenen Luxemburger Glaubenszeugen Henri Werling SJ (1879-1961). Die Warte 2004, N° 9 = N° 2068 (4. März), S. [2].
  • Bodo Bost. "Das Glück katholisch zu sein" - 50 Todestag des Luxemburger Jesuiten Henri Werling : ehemaliges Oberhaupt der katholischen Kirche Estlands fast neun Jahre in den Straflagern des "Archipel Gulag". Die Warte 2011, N° 8 (3. März), S. 13-15.
  • Bodo Bost. Viele religiöse Höhepunkte : Erinnerung an den Luxemburger Jesuiten Henri Werling. Die Warte 2012, N° 5 (2. Februar), S. 6-7.
  • Bost, Bodo, 2018. Pater Henri Werling und der Theologe Marcel Reding. Chronik einer verpassten Chance. Die Warte 2018, N° 36 (20. Dezember 2018).
  • Philippe Henri Blasen / Antoinette Reuter. «...une vie singulière avec de nombreuses bonnes pensées. » - Henri Werling SJ et la mission catholique en Estonie; Cluj-Napoca (Casa Cǎrții de Ştiințǎ), 2016; 115 S., Bibliographie, 6 Fotoen, 2 Fac-simileë vu Bréiwer an 1 Kaart vun Estland 1936. ISBN 978-606-17-0891-8 - [1]
  • Õunapuu, Rein. "Intervjuu Günther-Johannes Stipaga" – Kiriku Elu, nr 7(10), September 1990. S. 7–12 - [2]
  • Vello Salo. Eesti katoliiklased 1930–1940. Isa Vello Salo loeng Pirita kloostris [3].
  • Christoph Wrembeck. Paater Henri Werlingi SJ aeg, 1942–1961. – Jesuiidid Eestis 1923–1961. Tartu 2003. S. 140–169

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Infoen op der Websäit vum CDMH
  2. Infoen op der Websäit vun der BnL Gearchiveerd op 2017-07-01. Gekuckt de(n) 2016-12-28.