Henri vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Henri vu Lëtzebuerg
16. Abrëll 1955 –
Henri of Luxembourg (2009).jpg
Groussherzog vu Lëtzebuerg
Amtszäit 2000-
Virgänger Jean
Nofolger
Papp Jean
Mamm Joséphine-Charlotte

Den Henri Albert Gabriel Félix Marie Guillaume vu Lëtzebuerg gebuer de 16. Abrëll 1955 um Schlass zu Betzder, ass zanter dem Joer 2000 de Groussherzog vu Lëtzebuerg. Hien ass dee sechste Lëtzebuerger Staatschef aus der Dynastie vun Nassau-Weilburg.

Säi vollstännegen Titel ass "Groussherzog vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau, Grof vu Sayn, Königstein, Katzenelnbogen an Diez, Buerggrof vun Hammerstein, Här vu Mahlberg, Wiesbaden, Idstein, Merenberg, Limburg an Eppstein".

Säi Liewen

De Prënz Henri ass um Schlass Betzder als eelste Jong vun der deemools ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Jean an der Joséphine-Charlotte vu Lëtzebuerg, gebuer. Hie geet zu Lëtzebuerg an a Frankräich an d'Schoul.

1973, wéi e groussjäreg gouf, krut hien den Titel Ierfgroussherzog. 1974 ass hien op d'Militärakademie vu Sandhurst gaangen, wou en 1975 Offizéier gouf. An der Lëtzebuerger Arméi dréit hien zanter dem 6. Oktober 2000 den Titel Generol. Duerno huet hien op der Universitéit vu Genf Politik­wëssenschafte studéiert, an dës Studien 1980 mat enger Licence ofgeschloss.

De 14. Februar 1981 huet hien d'Maria Teresa Mestre bestuet, déi en do kennegeléiert hat. Zesummen hu se fënnef Kanner.

Den Henri ass Dokter Honoris Causa vun der Sacred Heart University vu Fairfield, Connecticut (USA), vun der Miami University, Oxford, Ohio (USA), vun der Universitéit vu Khon Kaen (Thailand) a vun der Universitéit vun Tréier.

Vun 1980 bis 1998 war hie Member vum Staatsrot.

De 4. Mäerz 1998 gëtt hien, entspriechend dem Artikel 42 vun der Lëtzebuerger Konstitutioun, vu sengem Papp zum "Lieutenant-Représentant" ernannt.

De 7. Oktober 2000 ass säi Papp Jean fräiwëlleg als Groussherzog zréckgetrueden, an den Henri gouf als Groussherzog vereedegt.

Op internationale Medienecho ass seng Intentioun gestouss, d'Gesetz iwwer Euthanasie, wann et an der Chamber beim Zweete Vote gestëmmt géif, net z'ënnerschreiwen. Domat hätt et, der Verfassung no net a Kraaft triede kënnen. Effektiv stoung do am Artikel 34, de Groussherzog "promulgéiert a sanctionnéiert" Gesetzer, an deelt seng Schlussfolgerung der Chamber bannet 3 Méint nom Vote mat.[1] Hien hat dat den 2. Dezember 2008 de Fraktiounscheffe vun den an der Chamber vertruedene Parteie matgedeelt. Als Grond sot en, hie kéint dat net mat sengem Gewëssen iwwerenee bréngen.[2] Mat sengem Averständnes huet d'Chamber den 11. Dezember 2008 an éischter Lecture mat 56 Stëmme (vu 60) dofir an enger Enthalung enger Ännerung vun der Verfassung zougestëmmt. Den Artikel 34 sollt sou geännert ginn, datt de Groussherzog d'Gesetzer just nach "promulgéiere" sollt (wat een als en administrativ-techneschen Akt bezeechne kéint), mä net méi "sanctionnéieren" (wat eng explizit Stellungnam bedeit).[3] Domat verzicht en deemno op d'Vetorecht, dat e bis dohin hat.

Dës Ännerung ass den 12. Mäerz 2009 a Kraaft getrueden.

Kanner

Am September 2010 huet de Groussherzog Henri d'Ierfrecht vum Haus Lëtzebuerg-Nassau am Familljepakt vu 1783 ännere gelooss; elo soll ëmmer dat éischtgebuerent Kand, egal op Jong oder Meedchen, den Troun ierwen.[4]

Enkelkanner

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Henri vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien


Virgänger:
Jean
Groussherzog vu Lëtzebuerg
zanter 2000
Nofolger:
-

Referenzen

  1. Article 34 : Le Grand-Duc sanctionne et promulgue les lois. Il fait connaître sa résolution dans les trois mois du vote de la Chambre.
  2. Deklaratioun vum Premier Juncker vum 2. Dezember 2008
  3. gouvernement.lu
  4. http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/2011/06/153544/thronfolge-neu-geregelt.php