Henrietta Swan Leavitt

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Henrietta Swan Leavitt

D'Henrietta Swan Leavitt, gebuer de 4. Juli 1868 zu Lancaster am Massachusetts a gestuerwen den 12. Dezember 1921 war eng US-amerikanesch Astronomin.

Schonn am College huet si sech fir d'Astronomie interesséiert. Duerch eng Krankheet gouf si bal ganz daf. Trotzdeem krut si am Joer 1885 um Harvard College Observatoire eng éierenamtlech Plaz, a siwe Joer méi spéit krut si eng fest Ustellung ugebueden (fir 30 Cent pro Stonn). D'Leavitt huet déi verännerlech Stären observéiert a katalogiséiert. Am Joer 1904 konnt si eleng 172 verännerlech Stäre an der grousser an 59 an der klenger Magellanescher Wollek entdecken. E Joer drop huet si 843 nei verännerlech Stären an der klenger Magellanescher Wollek fonnt. 1912 entdeckt d'Leavitt d'Perioden-Liichtkraaft-Bezéiung bei de Cepheiden.

1913 geléngt et dem Ejnar Hertzsprung d'Distanz vun e puer Cepheiden an der Mëllechstrooss ze bestëmmen. Wéi duerch den Edwin Hubble am Joer 1920 Cepheiden an anere Galaxien wéi am Andromeda-Galaxis entdeckt goufen, konnten eng éischt Kéier Distanzen tëscht verschiddene Galaxien bestëmmt ginn. Virun dësen Entdeckunge konnt een nëmme mat Distanzen bis zu 100 Liichtjoer rechnen, duerno hunn Distanze bis zu 10 Millioune Liichtjoer kee Problem méi duergestallt.

An all deene Observatiounsjore vum Stärenhimmel konnt d'Leavitt véier Novae gesinn an huet iwwer 2400 nei verännerlech Stären entdeckt. Ausserdeem entwéckelt si eng nei fotografesch Miesstechnik, déi 1913 international Unerkennung fonnt huet an ënner dem Numm „Harvard-Standard“ bekannt ass.

D'Henrietta Swan Leavitt gëllt als Pionéierin vun der Wëssenschaft, an dat net nëmmen, well si eng vun deene wéinegen an éischte Fraen an héije Wëssenschafte war. Si war och Member an diverse Verbindunge wéi Phi Beta Kappa, der American Association of University Women, der American Astronomical and Astrophysical Society, der American Association for the Advancement of Science an Éieremember vun der American Association of Variable Star Observers.

1921 ass d'Henrietta Swan Leavitt u Kriibs gestuerwen. Hir zu Éier droen den 1973 entdeckten Asteroid 5383 an e Krater um Äerdmound hiren Numm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]