Henry Edward Armstrong

Vu Wikipedia
Den Henry Edward Armstrong

Den Henry Edward Armstrong, gebuer de 6. Mee 1848 ze Lewisham bei London an och do den 13. Juli 1937 gestuerwen, war en englesche Cheemiker.

Hie war vun 1884 bis zu sengem Doud 1937 Chimiesprofesser am Central College London.

Hien ass bekannt fir seng Aarbechten iwwer Electrophil Substitutioun vum Naphtalin. D'Reegel vum Amstrong a Wynne seet datt een op enger Naphtalènedi -tri oder tretrasulfonescher Saier den nächsten (SO3H) net op de Positiounen ortho, para oder peri vun der éischter ka sëtzen. [Source?]

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Henry Armstrong war de Jong vum Richard Armstrong an huet vun 1859 bis 1864 d'Colfe's School zu London besicht. Hien huet seng Jugend haaptsächlech zu Lewisham, engem Faubourg vu London verbruecht. Duerno huet hien um Royal College of Chemistry, haut Chimiedepartement vum Imperial College, beim August Wilhelm von Hofmann an Edward Frankland studéiert an duerno beim Hermann Kolbe zu Leipzig. 1869 krut hien den Doktortitel an huet Chimie um St Bartholomew's Hospital ënnerriicht.

Den Armstrong war vun 1871 u Professer fir Chimie op der London Institution an duerno Assistent op der Uni London. Vun 1914 un huet hien als fräiberuffleche Cheemiker geschafft.

Vun 1875 bis 1893 war hie Sekretär vun der Chemical Society, 1894/95 da President an duerno Vizepresident. Vun 1876 u war hie Member vun der Royal Society.

Den Armstrong huet 1877 d'Frances Lavers bestuet. Si kruten ee Jong, den Edward Frankland Armstrong. Den Armstrong ass 1937 gestuerwen a gouf am Golders Green Crematorium verbrannt.

Wëssenschaftlech Aarbecht[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet Verbindungen am Benzolmolekül ënnersicht an 1887 eng Formel verëffentlecht (Armstrong-Baeyersch Benzolformel). Donieft huet hie wichteg Aarbechten iwwer Terpene, Campher an hir Derivater verëffentlecht. Dës Weideren huet hie sech mat der Chimie vum Naphthalin beschäftegt wéi mat der Entwécklung vu syntheetesche Faarfstoffer.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Henry Edward Armstrong: An explanation of the laws which govern substitution in the case of benzenoid compounds, J. Chem. Soc., Trans. 1887, 51, 258−268
  • Eyre, J. Vargas (1959). Henry Edward Armstrong. 1848-1937. The Doyen of British Chemists and Pioneer of Technical Education. Toronto: Butterworth and Company.
  • Rodd, E. H.; Berger, W. E.; Jones, I. G.; Robinson, C. H. (1940). "Obituary notices: Henry Edward Armstrong, 1848?1937; Alfred Berthoud, 1874?1939; Oliver Gatty, 1907?1940; Percy George Mander, 1881?1940; Frank Thomas Shutt, 1859?1940". Journal of the Chemical Society (Resumed): 1418. DOI:10.1039/JR9400001418. edit
  • Armstrong, Henery E. (1884). "On the Teaching of Natural Science as a Part of the Ordinary School Course, and on the method of Teaching Chemistry in the Introductory Course in Science Classes, Schools, and Colleges" - Address for the Proceedings of the International Conference on Education, London.
  • Armstrong, Henry E. (1884). Introduction to the Study of Organic Chemistry: The Chemistry of Carbon and its Compounds (4 ed.). London: Longmans, Green, and Company.
  • Armstrong, Henry E. (1903). The Teaching of Scientific Method and Other Papers on Education. New York: Macmillan and Company, Ltd.
  • Armstrong, H. E. (1925). "The First Epistle of Henry the Chemist to the Uesanians". Journal of Chemical Education 2 (9): 731. DOI:10.1021/ed002p731. edit
  • Armstrong, Henry E. (1927). Art and Principles of Chemistry. London: Ernest Benn Limited.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Henry Edward Armstrong – Biller, Videoen oder Audiodateien