Henry Fonda

Vu Wikipedia
Henry Fonda
Gebuertsnumm Henry Jaynes Fonda
Gebuer 16. Mee 1905
Gestuerwen 12. August 1982
Los Angeles
Nationalitéit USA
Educatioun University of Minnesota
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Marinnoffizéier, Beienziichter, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Televisiounsproduzent, Schauspiller, Filmproduzent
Partei Demokratesch Partei
Famill
Bestuet mat Frances Ford Seymour
Kanner Peter Fonda, Jane Fonda
Henry Fonda

Den Henry Fonda, gebuer als Henry Jaynes Fonda de 16. Mee 1905 zu Grand Island, Nebraska a gestuerwen den 12. August 1982 zu Los Angeles, Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller.

Den Henry Fonda ass de Papp vun de Schauspiller Jane Fonda a Peter Fonda an de Grousspapp vun der Schauspillerin Bridget Fonda.

Den Henry Fonda huet souwuel a klassesche Western wéi My darling Clementine vum John Ford an The Ox-Bow Incident vum William A. Wellman matgespillt, wéi spéider dann och am italieenesche Kult-Western C'era una volta il West vum Sergio Leone. Vu sengen dramatesche Filmer siwen ernimmt Jezebel, vum William Wyler, The Wrong Man vum Alfred Hitchcock, 12 Angry Men a Fail-Safe déi zwéi leschtgenannte vum Sidney Lumet. A grouss opgezunnenen historesche Filmer war den Henry Fonda och ze gesinn, wéi War and Peace vum King Vidor,The Longest Day vum Ken Annakin, Andrew Marton a Bernhard Wicki an How the West Was Won vum John Ford, Henry Hathaway an George Marshall.

A sengem leschte Kinosfilm On Golden Pond vum Mark Rydell huet hien déi eenzeg Kéier a senger Carrière mat der Katharine Hepburn zesummegespillt. Och war et den eenzege Film zesumme mat senger Duechter Jane Fonda. Fir seng Haaptroll an dësem Film krut hien och den Oscar als beschte Schauspiller.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

vun 1935 bis 1939[änneren | Quelltext änneren]

vun 1940 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1981[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michael Kerbel: Henry Fonda. Seine Filme - sein Leben.. Heyne-Filmbibliothek, Band 56. Heyne, München 1982, 262 S., ISBN 3-453-86056-X.
  • Tony Thomas: The Complete Films of Henry Fonda. Citadel Press, Secaucus N.J. 1983, 255 S., ISBN 0-8065-1189-3
  • Henry Fonda, Howard Teichmann: Fonda: My Life. 1984.
  • Peter Collier: The Fondas. A Hollywood Dynasty. Putnam Pub Group 1991.
  • Andreas Kern: Die Fondas. Campus 2001, ISBN 3-593-36531-6.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]