Henry Grey (Ingenieur)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Ingenieur Henry Grey. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Henry Grey.
Henry Grey
Gebuer 1846
Gestuerwen 4. Mee 1913
Aktivitéit Ingenieur

Den Henry Grey, gebuer 1846 a gestuerwen de 4. Mee 1913, war en engleschen Ingenieur deen an Amerika ausgewandert war.

Hie gouf bekannt well hien zesumme mam Charles M. Schwab e spezielle Breetflanschträger entwéckelt huet an dee besonnesch zu Lëtzebuerg als Grey-Träger bekannt ass. An Amerika gëtt deen Träger Bethlehem-beam genannt, nom Numm vun der Bethlehem Steel Corporation bei där déi Eisendunn gewalzt gouf.