Henry Redmore

Vu Wikipedia
Evening Calm (1883)

Den Henry Redmore, gebuer 1820 am Humberside a gestuerwen 1887, war e brittesche Moler, deen haaptsächlech Biller vu Schëffer, vun der Marinn a vun Häfe gemoolt huet.

Seng fréi Wierker weisen den Afloss vum schottesche Marinnemoler Willam Anderson (1757 - 1837), deen eng Zäit zu Hull gewunnt huet, a vum John Ward (1798 - 1849), engem anere schottesche Schëffsmoler.

Déi meescht vu senge Wierker weise Schëffszeenen um Estuaire vum Humberfloss, vun der Küst vum Yorkshire, a vun den Häfe vu Witby a Scarbourough. Hien huet op senge Reesen op d'Westküst vun England Biller vun Torbay a verschiddenen aneren Häfen op der Küst vum Devonshire an dem Cornwall gemoolt.

A ville vu senge Wierker kann den Afloss vun hollännesche Moler aus dem 17. Joerhonnert wéi dem Willem Vande Velde, Ludolf Bakhuysen a Jan Van Goyen gemierkt ginn.

Aus der Prezisioun vu senge Biller kann ee gesinn, datt hien alles genee observéiert huet, besonnesch d'Schëfffahrt tëscht dem Humberside an dem Kontinent.

Biller vun him goufen an der Royal Academy ausgestallt a verschiddener kënnen haut an der Ferens Art Gallery zu Hull gesi ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vu Moler (ausser Lëtzebuerg)