Henry Wickens

Vu Wikipedia
Henry Wickens
Gebuer 18. Abrëll 1956
Aktivitéit Iwwersetzer

Den Henry Wickens, gebuer den 18. Abrëll 1956 zu Henley-upon-Thames (UK), ass en engleschen Iwwersetzer, deen zu Lëtzebuerg lieft.

Hie schafft zanter 1990 als Iwwersetzer beim Europa-Parlament a wunnt zanter deemools zu Waldbëlleg.

Zesumme mam Josiane Kartheiser an dem Gilbert Sondag huet hien 1995 d'Buch Parler luxembourgeois - Esou schwätze mir - Living Luxembourgish publizéiert. Hien huet dem A. A. Milne seng Kannerbicher Winnie-the-Pooh an The House at Pooh Corner op Lëtzebuergesch iwwersat. Béid Bicher sinn 2000 zu Esch-Sauer am Verlag Op der Lay erauskomm. Hien huet och The Hobbit vum J. R. R. Tolkien op Lëtzebuergesch iwwersat.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Parler luxembourgeois = Esou schwätze mir = Living Luxembourgish / Gilbert Sondag, Josiane Kartheiser, Henry Wickens. - Esch-sur-Alzette: Éd. Le Phare, 1995, Esch-sur-Alzette, Polyprint. - 346 p (8. Editioun am Joer 2011).
  • Hausnamen in Waldbillig - an echo of traditional rural society in Luxembourg / Henry Wickens. - In: Essays on politics, language and society in Luxembourg / ed. Gerald Newton. - Lewiston: Edwin Mellen Press, 2000. - p. 181-196.
  • D'Hausnimm vu Waldbëlleg: en Echo vun der traditioneller lëtzebuerger Baueregesellschaft / Henry Wickens. - In: Waldbëlleg 2002: 100 Jar Waldbëlleger Musek. - Waldbillig: Fanfare de Waldbillig ; 2002. - P. 168-179

Iwwersetzungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Winni-Pu / A.A. Milne ; Zeechnunge vum E.H. Shepard ; Lëtzebuergesch vum Henry Wickens. - Esch-Sauer: Op der Lay, 2000. - 171 p. (Op der Lay ; 521) [Originaltitel: Winnie-the-Pooh].
  • Winni-Pu / A.A. Milne ; Zeechnunge vum E.H. Shepard ; Lëtzebuergesch vum Henry Wickens. - Esch-Sauer: Op der Lay, 2001. - 171 p. (Op der Lay ; 521) [Originaltitel: Winnie-the-Pooh].
  • D'Haus um Pu-Eck / A.A. Milne ; Zeechnunge vum E.H. Shepard ; Lëtzebuergesch vum Henry Wickens. - Esch-Sauer: Op der Lay, 2000. - 188 p. (Op der Lay ; 522) [Originaltitel: The house at Pooh-Corner].
  • Den Hobbit / J.R.R. Tolkien ; aus dem Engleschen iwwersat vum Henry Wickens. - Esch-Sauer: Op der Lay, cop. 2000. - 300 p. (Op der Lay ; 525) [Originaltitel: The Hobbit].
  • D'Alice am Wonnerland / Lewis Carroll, illustréiert vun der Carole Meyer ; an d'Lëtzebuergescht iwwerdroe vum Henry Wickens. - Esch-Sauer: Op der Lay, cop. 2014 - 141 p. (Op der Lay ; 553) [Originaltitel: Alice's Adventures in Wonderland].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Goetzinger, G. & C.D. Conter, 2010. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Centre national de littérature Mersch, 697 S. (H. Wickens: S. 677).
  • Massard, J.A., 2006. Vom Armee-Maskottchen zum Kinderbuch-Helden: Winnie-the-Pooh feiert 80. Geburtstag! In: Lëtzebuerger Journal 2006, Nr. 199 (14./15. Oktober), S. 22-23. [1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]