Hephaistos

Vu Wikipedia

Den Hephaistos ass de griichesche Gott vum Feier, vun der Schmëdd, den Handwierker a schliisslech och vun de Kënscht an dem Handwierk am Allgemengen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Hephaistos ass de Jong vum Zeus a vun der Hera. Well e schlamm war koum et och zu verschiddene Soen, z. B. eng wou erzielt gëtt seng Mamm Hera hätt hien aus Roserei, well e mat verkrëppelte Been op d'Welt komm ass, an d'Mier gehäit. Hien ass dunn awer vum Thetys a vum Eurynome gerett a gefleegt ginn a spéider erëm an den Olymp opgeholl ginn.

D'Odyssee nennt d'Aphrodite als seng Fra, an der Ilias soll awer d'Charis seng Fra gewiescht sinn. D'Schéinheet vun deenen 2 Frae soll der Schéinheet vun de Wierker déi den Hephaistos erschaf huet entsprach hunn.

D'Griichen hu sech virgestallt datt seng Schmëdd ënner der Äerd war, wou seng Aarbechte mat Hëllef vun de Kyklopen entstane sinn, wéi z. B. den Zepter vum Agamemmnon, d'Rüstung vum Achilles, de Won vum Helios, d'Halsband vun der Harmonia a vill anerer.

Fir sech u senger Mamm ze revanchéieren huet den Hephaistos en Troun gebaut an deem d'Hera, nodeem si sech dra gesat hat, gefesselt bliwwen ass. Eréischt nodeem den Dionysos sech ageschalt huet, den Hephaistos voll gemaach, en op den Olymp geholl huet, an Drock op e gemaach huet, ass si erëm fräi komm.

Wéi seng Fra Aphrodite e mam Ares bedrunn huet, huet e si mat engem Netz gefaangen a se dem Gelächter vun den Olympier ausgesat.

Den Hephaistos hat ausser senge legitime Kanner och nach anerer mat e sëllegen anere Fraen, sou z. B. den Thalos, e Ris aus Bronz.

Ursprong[änneren | Quelltext änneren]

Den Hephaistos kënnt warscheinlech aus Klengasien, mat Lemnos als wichtegstem Kultzentrum.

Kult[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem 6. Joerhonnert gëtt en och zu Athen veréiert, wou fir hien en Tempel, de sougenannten Theseion, gebaut gouf, deen de Mëttelpunkt vun deem als Fest gefeierten Hepahaistia war. Soss huet säi Kult um griichesche Festland kaum bestanen.

Analogien[änneren | Quelltext änneren]

  • Vulcanus (och Vulcan, oder méi al Volcanus)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hephaestus – Biller, Videoen oder Audiodateien