Hera

Vu Wikipedia
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Hera war d'Duechter vum Kronos a vum Rheia, Schwëster a Fra vum Zeus a Mamm vum Ares, Hephaistos, Hebe an Eileithyia. Als Fra vum héchste vun den olympesche Gëtter (hiren Numm heescht warscheinlech "Herrin") war si d'Himmelskinnigin an huet an der So an am Mythos eng bedeitend Roll gespillt.

Kult[änneren | Quelltext änneren]

Si hat eng Rëtsch vu Kultplazen, an ass virun allem zu Argos (dohier och de Bäinumm Argeia) an Olympia veréiert ginn. D'Hera gëllt als Schutzgëttin vum Bestietnes a vun der Gebuert, awer och vum Liewensoflaf vun der Fra am Allgemengen. Si huet den Éierennumm "Teleia" (d. h. d'Gëttin déi d'Erfëllung bréngt).

Donieft weist de Mythos awer och aner Facette vun der Hera. Als Fra vum Zeus huet si missen ënner senge sëllege Säitespréng leiden an hir Roserei a Jalousie hunn dacks grotesk Zich ugeholl déi och e beléift Theema an der griichescher Gëtterburlesk haten. Och soss konnt si an hirem Haass onerbiddlech sinn. Sou z. B. am Trojanesche Krich wou si (wéinst dem Urteel vum Paris fir d'Griiche Partei ergraff huet.

Analogien[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hera – Biller, Videoen oder Audiodateien
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.