Herman Van Rompuy

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Herman van Rompuy)
Herman Van Rompuy
Gebuertsnumm Herman Achille Van Rompuy
Gebuer 31. Oktober 1947
Etterbeek
Nationalitéit Belsch
Educatioun Kathoulesch Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Politiker, Ekonomist
Partei Europäesch Vollekspartei

Den Herman Van Rompuy, gebuer den 31. Oktober 1947 zu Etterbeek, ass e flämesche Politiker (Christen Democratisch en Vlaams, CD&V).

Den Herman Van Rompuy war, no sengem Philosophie- an Ekonomiestudium zu Léiwen, tëscht 1972 bis 1975 Attaché bei der Belscher Nationalbank. Duerno gouf e Conseiller vum Premierminister Leo Tindemans (1975–1978) a vum Finanzminister Gaston Geens (1978–1980). Vun 1980 bis 1988 war en Direkter vum Centrum voor Politieke, Economische en Sociale Studies. Hien huet bis 1987 Coursen op der Héichschoul fir Commerce zu Antwerpen, a vun 1982 un och op der Vlaamse Economische Hogeschool Brussel ginn.

Vun 1988 bis 1993 war hie President vun der CVP, der Virgängerpartei vun der CD&V. Vun 1993 bis 1999 war e Vizepremier a Budgetsminister an der Federaler Regierung.

Am Juni 1999, huet d'CVP missen an d'Oppositioun. Den Herman van Rompuy war zanterhier Deputéierte vum nationale Parlament, a gouf den 12. Juli 2007 President dovun. 2004 krut hien den Éierentitel "Ministre d'État".

Nodeem dem Yves Leterme seng Regierung no e puer Méint auserneegebrach war, gouf de Van Rompuy den 30. Dezember 2008 vum Kinnek Albert II. als 48. belsche Premierminister vereedegt. Hie blouf dat bis den November 2009 a gouf dann, den 19. November 2009 éischte permanente President vum Europäesche Conseil. Den 1. Dezember 2014 gouf den Donald Tusk säin Nofollger als Conseilspresident.

Den Herman Van Rompuy ass de Brudder vum Eric Van Rompuy, dee vun 1995 bis 1999 de Ministeschportefeuille vun der Ekonomie, de PME'en, der Landwirtschaft an de Medien an der flämescher Regierung hat, a vun der Syndikalistin Tine Van Rompuy.

Hien ass bestuet a Papp vu véier Kanner.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Herman Van Rompuy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]