Hermann Müller (Botaniker/Thurgau)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Botaniker Hermann Müller. Fir aner Leit mat deemselwechten Numm, kuckt w.e.g. Hermann Müller.
Portrait vum Hermann Müller

Den Hermann Müller gebuer den 21. Oktober 1850 zu Tägerwilen / Kanton Thurgau (Schwäiz), a gestuerwen den 18. Januar 1927 zu Wädenswil/ Kanton Zürich (Schwäiz) war e Schwäizer Botaniker, Önolog a Riewenziichter. Hien huet sech no sengem Heemechtskanton Müller-Thurgau genannt.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Müller staamt aus enger Bäcker a Wënzerfamill. No enger Zäit als Schoulmeeschter zu Stein am Rhein ass hien op Zürich op de Polytechnikum gaangen, deen haut ETH heescht. Do krut hien am Hierscht 1872 säin Diplom fir "Fachlehrer" fir Naturwëssenschaften.

No Etüden op der Universitéit Neuenburg an der Schwäiz goung hien op d' Universitéit Würzburg bei de Julius Sachs, bei deem en 1874 promovéiert huet an nach zwee Joer als Assistent geschafft huet.

Vun 1876 bis 1890 war de Müller Chef op der planzephysiologescher Versuchsstatioun zu Geisenheim. 1891 krut hien eng Beruffung fir Direkter un der däitsch-schwäizerescher Versuchsstatioun fir Uebst-, Wäin- a Gaardebau zu Wädenswil

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Den Hermann Müller ass hautdesdaags besonnesch bekannt duerch déi no him benannte Riefzort Müller-Thurgau, eise Rivaner, deen hien als Ziichtung aus den Zorte Riesling a Sylvaner virgestallt huet. Op Grond vu genteschneschen Analysen huet sech awer 1998 erausgestallt, datt et sech a Wierklechkeet ëm d'Kräizung vun den Zorte Riesling a Gutedel gehandelt hat.

De Müller huet vill Fuerschungsaarbechte gemaach op dem Gebitt vun der Physiologie vun der Rief (ënner anerem iwwer d'Bléiebiologie an iwwer Assimilatiouns- a Stoffwiesselvirgäng), iwwer d'Phytopathologie vun de Riewen (virun allem iwwer de Falschen Mehltau.

Am Kellereiwiesen huet hie Méiglechkeeten erfuerscht fir déi alkoholesch Gärung ze steieren, de biologeschen Ofbau vun de Saieren, an d'Feelentwécklunge bei der Gärung vum Wäin. Hien huet Wäinhief geziicht mat speziellen Eegenschaften, an en huet u Methode geschafft, fir alkoholfräien Drauwejus ze maachen.

Seng Schrëften[änneren | Quelltext änneren]

  • Über Zuckeranhäufung an Pflanzenteilen in Folge niederer Temperatur (1882)
  • Edelfäule der Trauben (1887)
  • Über das Gefrieren und Erfrieren der Pflanzen (1879)
  • Abhängigkeit der Entwicklung der Traubenbeeren von der Entwicklung der Samen (1897)
  • Der Rote Brenner des Weinstockes (1903)
  • Bakterienblasen (Bacteriocysten) (1908)
  • Bakterien im Wein (1913)

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Éieremember vum "Deutsche Weinbauverein" (1890)
  • Éierendokter vun der Universitéit Bern (1920)