Heron vun Alexandria

Vu Wikipedia

De Heron vun Alexandria (genannt Mechanicus) war en antike griichesche Mathematiker an Ingenieur.

Heron vun Alexandria

Seng Liewesdate loosse sech schwéier exakt bestëmmen. Hie muss nom Archimedes, awer virum Pappos gelieft hunn, d. h. tëscht 200 v. Chr. an 300 n. Chr. Verschidden Indizien a senge Wierker schwätze fir dat 1. Joerhonnert n. Chr., virun allem d'Erwähne vun der Mounddäischter vum 12. Mäerz 62 – et ass warscheinlech, datt den Heron se selwer erlieft huet.

Den Heron huet geléiert am Museion vun Alexandria, dat berüümt fir seng Bibliothék war. Seng Wierker sinn deelweis nëmme fragmentaresch iwwerliwwert. Se beschäftege sech ënner anerem mat mathemateschen, opteschen a mechaneschen Theemen. Bekannt sinn virun allem seng Ausféierunge vun automateschen, deelweis scho programméierbaren Instrumenter an d'Ausnotzung vum Waasser, Loft an Hëtzt als dreiwend Kraaft. Hei sinn virun allem d'Erfindung vun der Aeolipile, och Heronsball genannt, an den Heronsbour ze nennen.

Ausserdeem sinn d'Heron-Verfahre fir d'Berechne vun der Quadratwuerzel souwéi vun derFormel vum Heron bekannt, déi et erlaabt, d'Fläch vun engem Dräieck nëmme mat Kenntnes vun dräi Säiten ze berechnen, ouni Wénkel oder aner Deeler vum Dräieck ze kennen.

An der "Dioptra" erkläert hien d'Konstruktioun an d'Benotze vu sengen erstaunleche Kreatiounen. Als Automat Nr. 73 sinn automatesch Tempeldiere beschriwwen, déi sech wéi vu Geeschterhand opmaachen. Duerch e Feier, dat op engem Altor virum Tempel ugefaange gouf, sinn d'Dieren a Gang gesat ginn. Nieft Museksmaschinnen entwéckelt hie souguer sensationell Spezialeffekter fir den Theater.

Aeolipile

Zu sengen Erfindungen zielen och z. B. déi a sengem Wierk "Pneumatika" beschriwwe Konstruktioun vun engem Wäihwaasserautomat. Do louch eng Holzscheif op der Waasseruewerfläch vum Wäihwaasser. Soubal eng Mënz ageworf gouf, huet d'Gewiicht vun der Mënz dat geweiten Naass duerch e Metallrouer no uewe gedréckt, dat de Gleewegen ugeholl huet. Dat entsprécht dem Prinzip vun deem no him benannten Aeolipile.

Mat der Aeolipile, enger mat Feier bedriwwener, waasserdampgefëllter, an enger Halterung dréibarer hueler Kugel mat tangentialem Dampausloss, liwwert den Heron déi éischt bekannt Wäermkraaftmaschinn vun der Geschicht, och wa si net als dat verstanen a benotzt gëtt, an anscheinend nëmme Kuriosum ass (eréischt annerhalleft Joerdausend méi spéit gëtt a Frankräich an an England un enger Dampmaschinn gebastelt).

Dem Heron säi Fuerschergeescht huet sech och mat der Entwécklung vu Krichstechnologie beschäftegt. Säin Entworf vun engem Katapult fir mat vill Feiler ze schéisse kann een als Virleefer vum Maschinnegewier betruechten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Technisches Museum Thessaloniki. Studiengesellschaft für antike griechische Technologie (Hrsg.): Antike Griechische Technologie: Eine Annäherung mit nachgebildeten Konstruktionen aus dem erstaunlichen Werk der altgriechischen Meister. Thessaloniki 2000, ISBN 960-7619-10-2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Heron vun Alexandria – Biller, Videoen oder Audiodateien