Herse (Mound)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Herse
(Jupiter L)
Zentralkierper Jupiter
Eegeschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 22.983.000km
Periapsis 17.511.000 km
Apoapsis 28.455.000 km
Exzentrizitéit 0,238
Ëmlafzäit 714,51 Deeg
Ëmlafvitesse 2,34 km/s
Inklinatioun 164,92°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser   ≈ 2 km
Mass  ≈ 1,5 × 1013kg
Dicht  ≈ 2,6
Albedo  0,04
Visuell Magnitude 23,4 mag
Entdeckung
Entdecker  IFA Hawaii
Entdeckungsdatum  8. Februar 2003

Den Herse (och Jupiter L) ass ee vun de klenge Jupitermounden.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den Herse gouf de 6. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit Hawaii entdeckt. De Mound krut ufanks d'Bezeechnung S/2003 J 17, a gouf offiziell den 9. November 2009 no der Herse genannt, enger Duechter vum Kinnek Kekrops aus der griichescher Mythologie.

Bunndonnéeën[änneren | Quelltext änneren]

Den Herse kreest op enger mëttlerer Distanz vun 22.992.000 km an 714 Deeg, 11 Stonnen a 17 Minutten ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2378. Mat enger Schréiegt vun 164,917° géint d'Ekliptik ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound bewegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Duerch seng Bunneegeschafte gëtt den Herse zu der Carme-Grupp gerechent.

Physikalesch Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

Den Herse huet en Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet wahrscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs. En huet eng ganz donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonnenliicht gi reflektéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]