Hervé Barulea

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Baru (2012)

Den Hervé Barulea (och: Hervé Baruléa, gebuer den 29. Juli 1947 zu Thil, Meurthe-et-Moselle), bekannt ënner sengem Kënschtlerpseudonym Baru, ass e franséische Comiczeechner.

De Baru ass a Loutrengen als Jong vun enger franséischer Mamm an engem italienesche Papp, deen op der Schmelz geschafft huet, opgewuess. Hien huet zu Nanzeg studéiert a gouf dann Turnprof. Eréischt an den 1970er huet hien ugefaangen, Bandes-dessinéesën ze molen.

Stil[änneren | Quelltext änneren]

Dem Baru seng Virbiller waren am Ufank de José Muñoz an de Jean-Marc Reiser, hien huet awer en eegenen Zeechestil ausgeschafft, bei deem d'Gesiichter vun de Personnagen, déi an engem karikaturhaft-vereinfachte Stil, deen u Mangaen erënnert (grouss Aen, Gromperennuesen,...), gemoolt sinn, mat realistesch, am Ligne-claire-Stil gemoolten Hannergrënn kontrastéieren.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Seng éischt Publikatiounen hat de Baru an der Comiczäitschrëft Pilote. 1984 koum deen éischten Album vun der Trilogie Quéquette Blues eraus, e gouf 1985 um Internationale Comicfestival vun Angoulême mam Prix Alfred fir dat bescht éischt Wierk ausgezeechent.

Quéquette Blues erzielt d'(Més-)Aventurë vun engem Grappvoll jonke Leit an der Neijoerschnuecht vun 1966, déi verzweifelt probéieren, endlech hir Onschold ze verléieren. Se spillt am franséisch-lëtzebuergesche Grenzgebitt, zu Thil, Villerupt, Däitsch-Oth an Esch-Uelzecht. Am 3. Deel (Part Tri) dreiwen der e puer vun hinne sech op der Escher Grenz ronderëm, wou se, ouni vill Succès, déi verschidden Dancingë Viola, Rossi, Hein a Bernardo onsécher maachen, an tëschenduerch e Maufel an der Friture Ertsi jicke ginn. Parallel koum La piscine de Micheville eraus, 3 Kuerzgeschichten, eng dovun iwwer de Charly Gaul.

Zentral Themen am Baru sengem Wierk si Gewalt, Alldagssituatiounen am Aarbechtermillieu, d'Problemer vun Immigranten a vu jonke Leit mat Migratiounshannergrond, an d'Gefore vum Rietsextremismus.

Cours, camarade! (1988) ass z. B. d'Geschicht vun zwéi Kärelen, engem polnesch-franséischen an engem marokkaneschen, déi vun zwéi rassisteschen Tippen (mat deenen hire Schwëstere s'eng Affär haten) queesch duerch Frankräich gejot ginn. Le Chemin de l'Amérique thematiséiert d'Geschicht vun engem algerianesche Boxer, deen 1960 - um Héichpunkt vum Algeriekrich - de franséischen an duerno europäesche Championnat gewënnt. (Prix Alph’Art 1991 fir dee beschten Album zu Angoulême).

1994 huet de Baru ënner dem Titel Autoroute du Soleil Cours camarade fir de japanesche Marché am Manga-Stil ausgebaut an adaptéiert. D'franséisch Iwwersetzung huet 1995 alt nees de Präis fir dee beschten Album zu Angoulême gewonnen.

Bonne Année 1999 ass en däischtere Bléck an d'Zukunft a beschreift, wéi Frankräich 2014/2015 kéint sinn, nodeem déi Rietsextrem un d'Regierung komm wieren. L'Enragé vun 2005 geet nees ëm e Boxer vu polneschen Orginnen.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1984 Quéquette Blues, Part Ouane, Dargaud
  • 1985 La Piscine de Micheville, Dargaud
  • 1985 La Communion du Mino, Futuropolis
  • 1986 Quéquette Blues, Part Tou, Dargaud
  • 1986 Quéquette Blues, Part Tri, Dargaud
  • 1987 Vive la classe, Futuropolis
  • 1988 Cours, camarade!, Albin Michel
  • 1990 Le chemin de l'Amérique, Albin Michel
  • 1991 Roulez Jeunesse!, Albin Michel (Sammelband vun den dräi "Quéquette Blues"-Albumen)
  • 1995 Le soleil dans la poche, Text vum Thierry Lenain, Syros 1995
  • 1995 L'autoroute du soleil, Kodansha, Casterman 1995
  • 1997 Sur la route encore, Casterman
  • 1998 Bonne année, Casterman
  • 1999 Les années Spoutnik. Le penalty, Casterman
  • 2004/2006 L'Enragé, Dupuis (Bd 1 an 2)
  • 2008 Pauvres Zhéros(Scénario: Pierre Pelot), Rivages/Casterman/Noir
  • 2010 Fais péter les basses, Bruno !, Futuropolis
  • 2013 Canicule, Casterman

De Baru huet och eng etlech vun de Affichë vum Festival du film italien de Villerupt gemoolt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]