Herzogtum Bouillon

Vu Wikipedia
D'Buerg vu Bouillon.

D'Herzogtum Bouillon war laang Zäit e selbstännegt Herzogtum am Hellege Réimesche Räich. Et war en Territoire vun ongeféier 375 km² op deem eng 25 Dierfer louchen, dorënner d'Stad Bouillon. Häre waren noeneen d'Haus Bouillon (1076-1095), d'Fürstentum Léck (1095-1496), d'Haus de La Marck (1482-1594) an d'Haus La Tour d'Auvergne (1594-1794).

Den Numm Bouillon gëtt eng éischt Kéier 988 an engem Bréif vum Adalbero vu Reims u säi Brudder Godefroy vu Verdun ernimmt. D'Herrscher kruten 1012 vum Keeser Heinrich II. eng Lehnsherrschaft iwwer Nidder-Lotharingien an d'Recht sech Herzog ze nennen. 1096 huet de Godefroy vu Bouillon et un d'Fürstentum Léck verkaaft oder verpännt, fir säi Kräizzuch kënnen ze finanzéieren. 1482 gouf et vum Robert I. de La Marck vu Sedan eruewert. De Keeser Karel V. huet et 1521 op en Neits Léck geschenkt, mä de Robert IV. de La Marck huet dee gréissten Deel vum Herzogtum zeréckeruewert an huet den Titel Herzog vu Bouillon iwwerholl. Deen Titel goung spéider iwwer un d'franséischt Haus La Tour d'Auvergne, Buerggrofe vun Turenne.

Am Achtzegjärege Krich ass de Philipp vun Nassau 1593 an d'Herzogtum Lëtzebuerg agefall. Den Herzog vu Bouillon, dee säin Territoire vergréissere wollt, huet sech mat him zesumme gedoen an och e puer Stied eruewert, gouf awer vun der spuenescher Arméi ënner dem Péiter Ernest vu Mansfeld zeréckgeschloen.

1676 huet de Louis XIV. Bouillon eruewert an et zwee Joer drop engem Neveu vum Turenne als Lehe ginn. Domat gouf d'Herzogtum Bouillon e franséischt Protektorat.

1792 huet den Herzog Godefroid III. ënner dem Afloss vun der Franséischer Revolutioun Bouillon erlaabt, sech e Parlament ze wielen. Mä säi Jong an Nofollger Jacques-Léopold de la Tour d'Auvergne, deen a Frankräich gewunnt huet, gouf 1794 festgeholl, an d'Parlament huet d'Muecht iwwerholl, soudatt Bouillon eng Republik gouf. Déi gouf awer geschwënn duerno vu franséischen Truppe besat an de 26. Oktober 1795 par droit de conquête an d'Franséisch Republik integréiert [1], déi et deels an den Departement Ardennes, deels an den Département des Forêts, an an den Departement Sambre-et-Meuse agegliddert huet.

1814, no der Nidderlag vum Napoleon gouf d'Herzogtum Bouillon formell nees geschaf, wouvun e britteschen Admirol, Adoptivjong vum Jacques-Léopold, sollt Herzog ginn. Och en aneren aus der Famill huet Uspréch un den Troun gestallt. Mä um Wiener Kongress 1815 gouf schlussendlech decidéiert, den Territoire gréisstendeels u Lëtzebuerg unzeschléissen. Nodeem d'Belsch sech vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden lassgeléist hat, an am Traité vu London d'Groussherzogtum Lëtzebuerg 1839 gedeelt gouf, gouf den Territoire vum fréieren Herzogtum Bouillon an der Haaptsaach een Deel vun der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • M.J.F. Ozeray, Histoire de la ville et du duché de Bouillon ; anastalteschen Nodrock vun der Ausgab vun 1864; Bréissel, 'Éditions Culture et Civilisation', 1981; 636 Säiten.
  • Jean-Jacques Heirwegh & Roland Mortier, La vie culturelle dans nos provinces au XVIIIe siècle - Le Luxembourg: Les duchés de Luxembourg et de Bouillon ; in: Bulletin trimestriel du Crédit communal de Belgique, Jgg. 36, Nr. 140 (Abrëll 1982), Ss. 115-124.
  • J. de Chestret de Haneffe, Histoire de la Maison de la Marck, y compris les Clèves de la seconde race ; anastalteschen Nodrock vun der Ausgab aus dem Joer 1898; Bréissel, 'Éditions Culture et Civilisation', 1981; 404 Säiten (ill.)
  • André Kervella, Francs-maçons au duché de Bouillon - Des frères oubliés ; B-Neufchâteau, Weyrich Édition, 2006; 320 Säiten; ISBN 2-930347-90-2

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Décret de la convention nationale du 4 brumaire an IV