Hesiod

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gustave Moreau, Hésiode et la muse, 1891 - Musée d'Orsay, Paräis

Den Hesiod, Hêsiodos op griichesch, (* ~ 700 v. Chr.), war e griichesche Poet deen als Bauer an Hiert a Böotien gelieft huet.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Verschiddene Sourcen no ass den Hesiod a Böotien gebuer. Säi Papp war e Bauer vu Kyme (Klengasien).

Den Hesiod huet sech anscheinend e Stéck Land net wäit vun Ascra ewech kaaft, sech bestuet a war Papp vun zwéi Bouwen.

Seng ganz Jugend war markéiert vum haarde Bauereliewen vu senger Zäit. Nom Doud vu sengem Papp koum et zu engem Sträit ëm d'Ierwschaft mat sengem Brudder Persès, an zu engem Prozess, deen den Hesiod verluer huet. Mä den Hesiod hat awer mat sengem klenge Stéck Land méi Chance a gouf méi räich.

Fir sengem Brudder bei der Gestioun ze hëllefen an him de richtege Wee ze weisen, huet den Hesiod d'Gedicht Wierker an Deeg geschriwwen (Werke und Tage, Les Travaux et les Jours). Dëst Wierk ass an de Kontext mat der Agrarkris ze setzen an dem Ufank vun der griichescher Kolonisatioun op der Sich no méi Land.

Den Hesiod zielt eis, datt wéi e Paschtouer um Helikon war, hätt hien d'Muse begéint, déi him virgeworf hunn, hie wir liddereg. Doropshin huet hien decidéiert, sech komplett dem Kult vun de Musen ze widmen, an hie gewënnt e Concours an der Poesie. Der Legend no soll un dësem Concours och den Homer deelgeholl hun, mä den Hesiod zielt eis dovun näischt.

Dat eenzegt dat mir wierklech iwwer den Hesiod wëssen, ass wat hien eis iwwer sech verzielt. Mir wësse Bescheed iwwer d'Landwirtschaft um Helikon, säi Gewënn vum Poesie-Concours, de Sträit mat sengem Brudder an d'Gebuert vu senge Jongen. Zimlech sécher ass, datt hien ermuert gouf. De Rescht si Spekulatiounen vun aneren antiken Auteuren, a sou fënnt een heefeg verschidde Versiounen.

Den Hesiod huet aner Poeten inspiréiert, dorënner de Virgil.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Den Hesiod ass haaptsächlech bekannt duerch seng Theogonie a Wierker an Deeg.

  • D'Wierker an Deeg handelt vum Sträit mat sengem Brudder, dem Mythos vum Prometheus an der Pandora, deene fënnef Mënscherassen (Gold, Sëlwer, Bronze, Näischt, Eisen), enger Visioun vun zwou Stied, der gudder (Dikê) an der schlechter (Hubris), an Informatiounen iwwer d'Landliewen an Agrikultur.
  • Dem Herakles säi Schëld, inspiréiert duerch dem Achilles seng Beschreiwung an der Ilias.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Hesiod: Théogonie, Rivages, Paräis, 1993.
  • Hesiod: Les Travaux et les Jours, Hachette, Paräis, 1914.
  • Leclerc, Marie-Christine: La Parole chez Hésiode, Les Belles Lettres, Paräis, 1993.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hesiod – Biller, Videoen oder Audiodateien