Heterochromie

Vu Wikipedia
Heterochromie an enger Iris (heterochromia iridum)
Heterochromie tëscht 2 Irisse vun enger Persoun (heterochromia iridis)
Heterochromie bei enger Kaz

Heterochromie nennt ee bei enger Iris vum A de Fait, datt entweeder bei engem an dem selwechten A d'Iris verschiddefaarwech Zonen Opweises huet (lat.: heterochromia iridum) oder, datt déi zwou Irisse vun den zwee Ae vun engem Individuum eng verschidde Faarf hunn (lat.: heterochromia iridis).

D'Faarf vun der Iris geet virun allem op d'Intensitéit vun der Konzentratioun vu Melanin zeréck. Ass dës an engem A oder tëschent zwee Aen net iwwerall d'selwecht, kënnt et zu Heterochromie.

Heterochromie ass dacks geneetesch bedingt, kann awer och pathologesch Ursaachen hunn (z. B. Tumoren oder Blessuren).

Net nëmmen beim Mënsch, och bei Déierenaarte kann Heterochromie virkommen. Bei verschiddene Rassen ass dat méi heefeg, sou datt dës Eegenschaft da bewosst geziicht gëtt, wéi z. B. bei Tierkeschen Angorakazen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Heterochromie – Biller, Videoen oder Audiodateien