Hief (Fëscherei)

Vu Wikipedia
Hiefe mat Haisercher vum Grand Pont um Grand Etier de Sallertaine aus gesinn

Eng Hief ass e Geschier an och dacks eng ganz Ariichtung fir Fësch laanscht den Uwänner vun engem Floss, laanscht d'Mier oder och alt vu Schëffer aus, ze fänken.

D'Hief u sech ass e véiereckegt Netz vun e puer Meter Karee dat mat enger Armatur gespaant gëtt a mat Hëllef vun enger klenger Wann an d'Waasser gelooss gëtt.

Déi Zort Fëscherei gëtt an Éisträich op der Donau, der Thaya an der March bedriwwen.

An Italie gëtt laanscht Küst, an de Lagunen, an an den Estuairë vun de Flëss an der Regioun Emilia-Romagna op déi Manéier gefëscht.

A Frankräich gëtt déi Fëscherei op de Küste vun der Charente-Maritime an an den Estuairë vun der Charente an der Gironde bedriwwen, sou wéi op en ettleche Plazen op de géie Küste vun der Vendée an um ënneschte Laf vun der Loire .