Hierber
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Vue op Hierber. | |||||||
| An anere Sproochen: |
fr: Herborn de: Herborn |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Gréiwemaacher | ||||||
| Kanton: | Iechternach] | ||||||
| Gemeng: | |||||||
| Buergermeeschter: | Joseph Schoellen | ||||||
| Awunner Uertschaft: | 148 (27.09.06) |
||||||
| Koordinaten: | 49° 44' 50" N 06° 25' 39" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Hierber ass eng Uertschaft an der Gemeng Mompech.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geographie
Hierber läit um südëstleche Bord vum Hierberbësch a riets a lénks vun der Huesebaach.
Un d'Stroossennetz ass Hierber ugestreckt duerch den CR135, den CR139 an den CR370.
Déi déifste Plaz vun Hierber ass op der Lelligerbaach op 269 Meter tëschent de Koppen Frommelsbierg an Hierberbierg, an den héchste Punkt ass um Pafebierg mat 390 Meter.
[änneren] Geschicht
Wéi och an aneren Uertschaften an där Géigend, op halwem Wee tëscht Tréier an der Schanz, hunn do, wou haut Hierber ass, schonns zu Réimerzäite Leit gewunnt; ëm 1900 gouf bei Hierber e réimesche Mosaik vun enger Villa ausgegruewen.[1]
Eng éischte Kéier ernimmt gouf d'Uertschaft 1225 als Herburen, 1413 housch se Herburn, a 1537 dann Herborn.
Ëm 1800 stoungen zu Hierber 25 Haiser an eng Kierch. Demols huet de Jokesbierg nach zu Hierber gehéiert; haut ass en Deel vun der Gemeng Bech.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Hierber – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen
- ↑ Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.396.