Hierk am Pelzmantel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Hierk am Pelzmantel, mat Ee-Dekoratioun

Hierk am Pelzmantel (russ. Сельдь под шубой, och Селёдка под шубой, kuerz Шуба) ass eng russesch Schichtzalot op Basis vun Hierken a Geméis, déi ganz populär ass an de Länner vun der fréierer Sowjetunioun an traditionell op Neijoerschdag, Chrëschtdag a bei anere Feierlechkeeten als Entrée zerwéiert gëtt.

Zesummesetzung[änneren]

All d'Ingredienze gi kleng geschnidden oder geraspelt, an da Schicht fir Schicht opgebaut, mat praktesch tëscht all Schicht e bësse Mayonnaise.

Als Fong komme gekachte Gromperen, dann d'Hierken, Ënnen, Muerten, a ganz uewe rout Rommelen, déi der Zalot hir charakteristesch Faarf ginn.

Jee no Rezept sinn et d'Hierken déi op de Fong kommen, verschiddener maachen och Äppel dran, an als Dekoratioun iwwert d'Rommele kann een entweder weider Mayonnaise oder gekachten Eeër (Eegiel an/oder Eewäiss) ginn.

Um Spaweck[änneren]