Hieselter

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Hieselter
Illustration Corylus avellana0.jpg
Hieselter
Klassesch Klassifikatioun
Räich : Planzeräich
Iwwerofdeelung : Bléieplanzen
Klass : Rosopsida
Ënnerklass : Rosidae
Uerdnung : Fagales
Famill : Bierkeplanzen
Gattung : Hieselter
Aart : Hieselter
Wëssenschaftlechen Numm
Corylus avellana

Den Hieselter, Corylus avellana L, ass e klenge Bam aus der Famill vun de Bierkegewächser, dee bis 12 Meter héich ka ginn. Seng Friichte sinn d'Hieselnëss.

D'Hieselter sinn a ganz Europa doheem, bis op den 68. Breedegrad, an a Kléngasien. Se wuesse gutt op Kallekbiedem, awer och op neutralen a liicht saure Biedem. Et fënnt een s'am Bësch am Ënnerghëlz, um Bord vun de Bëscher, an an Hecken.

Seng Schuel ass grobrong a glënnert e bësselchen, ofhängeg vun der Plaz op deeër e steet rullt se sech a klénge Sträifen.

[änneren] Habitus

Den Hieselter gëtt et mat engem kuerze Stronk, meeschtens awer mat méi Strénk déi vum Buedem ausginn.

[änneren] Blieder

D'Blieder sinn ongeféier 10 x 10 cm grouss, bal kreesronn bis obovat, op der Basis häerzfërmeg. Um Bord vum Blat sinn dräieckeg, schaarf, an ongläichméisseg Zacken. D'Blat ass uewendriwwer donkelgréng, rau, an huet kléng Hoer. OP der ënneschter Säit si mëll Nerven, an et huet wäiss Heeërcher.

[änneren] Bléien

Déi bis 5 cm laang männlech Bléie si brongelzeg-giel, beim Stëpse blatzeg-giel, déi weiblech si brong an 3-5 mm déck.

Perséinlech Tools