Hilde Güden

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hilde Güden
Gebuer 15. September 1917
Wien
Gestuerwen 17. September 1988
Klosterneuburg
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Operesänger, Filmschauspiller

D'Hilde Güden, gebuer de 15. September 1917 zu Wien als Hulda Geiringer, a gestuerwen de 17. September 1988 zu Klosterneuburg an Nidderéisträich, war eng éisträichesch Koloratursopranistin a Kammersängerin.

Si hat hiren Debut 1937 un der Wiener Volleksoper. 1938 ass si zu Zürich opgetrueden an 1939 un der Wiener Staatsoper. 1942 ass si vun der Münchner Staatsoper engagéiert ginn, huet Däitschland awer am selwechte Joer verlooss well si jiddesch Originnen hat an huet dunn zu Roum an zu Florenz gesongen. 1946-73 war si Member vun der Wiener Staatsoper. 1951 hat si hiren Debut un der Metropolitan Opera zu New York an huet duerno bis 1965 zum festen Ensembel vun der Oper gehéiert. Bei der Aweiung vum Grousse Festspillhaus zu Salzburg mam Rosenkavalier 1960 huet si d'Sophie gesongen.

Si war eng vun de beschte Mozart- a Strauss-Sängerinne vun hirer Zäit a war och Member vum Wiener Mozart Ensemble.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]