Hilde Gerg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Hilde Gerg, gebuer den 19. Oktober 1975 zu Lenggries, ass eng fréier däitsch Alpine-Schileeferin. Hire Spëtznumm Wilde Hille huet am Fong net bei hire Fuerstil, dee ganz elegant war gepasst.

Als polyvalent Schileeferin war si bis 2001 an allen Diszipline vum Alpine Schi vertrueden. No enger Bless um Been decidéiert si nach just am Super-G an an der Offaart matzemaachen.

Si hält am Joer 2006, wéinst enger neier Bless just virun den Olympesche Wanterspiller, op mat Schifueren.

Palmarès [änneren]

Olympesch Spiller [änneren]

    • Or Goldmedail am Slalom
    • Bronze Bronze Medail am Combiné

Weltmeeschterschaften [änneren]

    • Bronze Bronze Medail am Super G.
    • Bronze Bronze Medail am Combiné.
    • Bronze Bronze Medail am Super G.

Welt-Coupe [änneren]

  • Gewënnerin vun der Welt-Coupe am Combiné 1998 an 1999
  • Gewënnerin vun der Weltcoupe am Super G 1997 an 2002
  • 20 Succèsen (7 an der Descente, 8 am Super G, 1 am Parallèllaaf; 1 am Slalom, 3 am Combiné)
Olympic rings with white rims.svg Olympesch Gewënnerinnen am Alpinschi / Slalom

1948 : Gretchen Frazer | 1952 : Andrea Mead-Lawrence | 1956 : Renée Colliard | 1960 : Anne Heggtveit | 1964 : Christine Goitschel | 1968 : Marielle Goitschel | 1972 : Barbara Ann Cochran | 1976 : Rosi Mittermaier | 1980 : Hanni Wenzel | 1984 : Paoletta Magoni | 1988 : Vreni Schneider | 1992 : Petra Kronberger | 1994 : Vreni Schneider | 1998 : Hilde Gerg | 2002 : Janica Kostelić | 2006 : Anja Pärson