Hildegard vu Bingen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hildegard vu Bingen
Hildegard vu Bingen
16. September 109817. September 1179
nach kee Bild do
Detailer
Beatifikatioun  ?
Kanonisatioun -
Ënnert dem Poopst -
Gedenkdag 17. September

D'Hildegard vu Bingen gebuer de 16. September 1098 zu Bermersheim a gestuerwen de 17. September 1179 am Klouschter Rupertsberg bei Bingen, ass eng vun de bekannteste Fraen aus dem Mëttelalter. Si huet mystesch Lidder geschriwwen, mä och naturwëssenschaftlech a medezinesch Schrëften.

Inhaltsverzeechnes

Kanonisatioun[änneren]

Schonn zu Liefzäiten ass d'Hildegard wéi eng Helleg veréiert ginn. 1228 ass eng éischt Ufro fir d'Kanonisatioun gemaach ginn. D'Verfahren huet awer esou laang gedauert, datt esouguer de leschte Versuch fir d'Hellegspriechung ënnert dem Poopst Innozenz IV. am Joer 1244 zu kengem Resultat gefouert huet. Enn 16. Joerhonnert ass d'Hildegard dunn an de Martyrologium, d'Verzeechnes vun den Hellege vun der Kierch, opgeholl ginn ouni kanoniséiert ze sinn.

Hiert Werk[änneren]

  • Liber Scivias (1141-51)
  • Liber vitae meritorum (1158-63)
  • Liber divinorum operum (1163-73/74)
  • Physica
  • Causae et curae

Kuckt och[änneren]

Um Spaweck[änneren]

Commons: Hildegard vu Bingen – Biller, Videoen oder Audiodateien