Hillary Clinton
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Hillary Diane Rodham Clinton gebuer de 26. Oktober 1947 zu Chicago, Illinois ass eng US-amerikanesch Politikerin (Democrats) a Juristin. Vun 1993 bis 2001, déi Zäit an deeër hire Mann de Bill Clinton US-President, war, war si d' First Lady vun den USA.
Vun 2001 bis 2009 war si Senateurin fir den US-Bundesstaat New York am amerikanesche Senat.
2008 war d'Hillary Clinton Kandidatin fir vun hirer Partei Presidentschaftskandidat vun den USA ze ginn. Se huet d'Virwalen, no laanger Campagne, géint de Barack Obama verluer, deen dunn d'Presidentschaftswale gewonnen huet.
Den Obama huet d'Mme Clinton am Januar 2009 zur Ausseministesch (US Secretary of State) a senger Regierung (Administation) ernannt.