Himmelsglobus

Vu Wikipedia
Himmelsglobus

Een Himmelsglobus ass eng Duerstellung vum Stärenhimmel op enger Kugel. Hie weist d'Lag vun de Stären an de Stärebiller an onverzerrter Lag, awer als Spigelbild, well den Observateur vu baussen op de Globus kuckt.

Zwéi bis dräi Virdeeler vun Himmelsgloben ware fir hir fréi Bedeitung entscheedend:

  1. keng Verzerrung, wann de Globus genee genuch verschafft ass,
  2. déi séier a sécher Benotzbarkeet als analoogt Recheninstrument,
  3. besonnesch wann en Äerdglobus vun der selwechter Dimensioun disponibel war.

D'Äerd- an Himmelsglobe sinn an der Antiquitéit opkomm – de Claudius Ptolemäus hat schonn zu senger Zäit eng Uweisung dovu geschriwwen – an hu sech am Spéitmëttelalter a wäite Beräicher duerchgesat. Spéider gouf och op hir kënschtleresch Ausféierung Wäert geluecht, a vill Haffastronomen hu fir hir Cliente Spezialglobe gemaach. Verschiddener dovu si mat Undriff a Form vun engem Tellurium versi ginn, z. B. ee geneeë gebaut Duebelexemplar vum Peter Anich aus dem 18.Joerhonnert. E berüümt Exemplar aus der Entdeckungszäit gouf vum Martin Behaim 1492 gebaut – op Grondlag vun enger Äerdkaart vum Paolo Toscanelli. Eenzegaarteg ass d'Kombinatioun vun Äerd- an Himmelsglobe bei dem St. Galler Globus aus dem 16. Joerhonnert, deen haut am Schwäizer Landesmuseum steet. Déi gréisst Globesammlung vun Europa huet déi Éisträichesch Nationalbiblioték.

Am Handel gëtt et nieft de Globe vum Stärenhimmel a vun der Äerd, och Globe vum Äerdmound, dem Mars an der Venus.

De Gottorfer Riseglobus stellt baussen d'Weltkugel duer, an a sengem bannenzegen Deel huet hien e Planetarium, dat de Stärenhimmel an de Sonnelaf mat senge Beweegunge sou weist, wéi si vun der Äerd aus ze gesi sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie