Himmelskugel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D´Himmelskugel ass eng imaginär, dënn Kugelschuel mat onendlech groussem Duerchmiesser respektiv eng Richtungs- oder Eenheetskugel, déi d´Äerd ëmgëtt.
D´Himmelskugel gëtt och Himmelssphär oder Firmament genannt. Dës Bezeechnung leet sech vun der antiker Sphärvirstellung of: Un enger duerchsiichteger Sphär vum Himmel huet sech déi antik Astronomie geduecht, datt d´Himmelskierper „ugehefft“, (laténgesch: firmamentum) wieren.
Déi wéinst der Äerdrotatioun schäinbar dréiend Himmelskugel huet hir Pole an der Verlängerung vun der Äerdachs. Den Himmelsequator ass entspriechend d´Projektioun vum Äerdequator un d´Kugel. D´Positioun vun den Himmelskierper gëtt mat Hëllef vum op d´Himmelskugel ze denkenden a mat hir rotéierenden Equatorialen Koordinatesystem uginn. Als Mëttelpunkt vun der Himmelskugel däerf wéinst der grousser Himmelskierperdistanzen am Vergläich zum Äerdradius ouni wiesentlech Fehler all Observatiounsplaz op der Äerd ugeholl ginn. D´Himmelsachs ass an dëse Fäll wng Parallel zu der Äerdachs.