Himmelspol
Als Himmelspole ginn d'Ennpunkten vun der Äerdachs duerch d'Himmelskugel bezeechent. Den Himmelsnordpol ass dee Punkt no beim Polarstär (α Ursae minoris) am Stärebild Ursa Minor (bzw. „Klenge Biir“ oderKlenge Won), ëm deen sech schäinbar d'Himmelssphär a senger deeglecher Bewegung dréit; den Himmelssüdpol läit him géigeniwwer.
Den Himmelspol ass – op laang Zäitspann gesinn – net stabil. Dëst gëtt als Polwanderung bezeechent.
Inhaltsverzeechnes |
Equatoriaalt Koordinatesystem [änneren]
Op der Himmelskugel, op där d'Astronomie d'equatorialt Himmelskoordinate Rektaszensioun an Deklinatioun definéiert, leien d'Himmelspole genee iwwer dem geographesche Nordpol (bzw. Südpol).
An den Himmelspole lafen d'Stonnekreesser zesummen. Och de Meridian vun enger Observatiounsplaz verleeft duerch d'Himmelspolen. Dem nërdlechen Himmelspol entsprécht eng Deklinatioun vu genee 90°, dem Südpol vu -90°.
Polwanderung [änneren]
Duerch den Effet vun der Prezessioun wandert den Himmelspol am Laf vu 25.800 Joren (dem Zyklus vun der Prezessioun) ëm den Ekliptikpol (an der Mëtt vun de Biller). Dës Bewegung geschitt op engem Krees mat ongeféier 23° Polofstand, wat der " Ekliptikschréiegt" entsprécht. Viru ronn 5000 Joer war den Thuban (Haaptstär α Draco am Draco) de Polarstär, duerno de liichtschwaache Ketu (Dracheschwanz) oder Kappa Draconis a virun 3000 Joer de Stär Kochab am Ursa Minor. Haut ass et de Stär Alpha Ursae Minoris oder Polaris (Polarstär). No dem Joer 3000 läit den Himmelsnordpol am Stärebild Cepheus. A ronn 12.000 Joer gëtt d'Vega neie Polarstär (awer ronn 6 Grad vum richtegen Himmelsnordpol ewech) sinn.
Divers [änneren]
All Stäre bewege sech op hire schäinbaren deegleche Bunnen (Äerdrotatioun an 23:56:04 Stonnen) op enger Kreesbunn genee a Richtung vun engem Positiounswénkel vu 90°.
Fir d'Eechung vu Fotometer huet ee réngs ëm de nërdlechen Himmelspol eng Grupp vu Fixstären definéiert, d'Polsequenz. Hir visuell Magnitude gouf genee gemooss an iwwerdeckt e Beräich vun der 4. bis zur 10. Gréissteklass.
De Positiounswénkel fir Richtungsangab tëschent Duebelstäre oder vu Beweegungsrichtunge bezitt sech op déi jeeweileg Richtung vum Stär zum nërdlechen Himmelspol.
Kuckt och [änneren]
- Himmelsequator
- Equinoxe (Fréijoers- an Hierschtpunkt)
Um Spaweck [änneren]
- Walter Fendt: Die Himmelspole Zesummenhang tëschent Observatiounsplaz, Zenit an Himmelpol (Java)