Hirayama-Famill

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Als Hirayama-Famill bezeechent een an der Astronomie Gruppe vun Asteroiden, déi sech op Bunnen déi sech gläichen ëm d'Sonn bewegen.

Ënner Famillje versteet een an der Astronomie (am Zesummenhank mat Klengplanéiten) Konzentratioune vun Asteroiden am Haaptasteroidenceinture, déi Bunnen hunn déi sech gläichen, raimlech no beienee leien an aus dem Zerfall vu méi groussen Objeten duerch Zesummestéiss stamen.

Fir d'éischt gouf d'Existenz vu sou Asteroide-Gruppen 1918 vum japaneschen Astronom Kiyotsugu Hirayama (18741943) entdeckt, déi zanterhier als Hirayama-Famillje bezeechent ginn.