Hirohito

Vu Wikipedia
Hirohito
Gebuer 29. Abrëll 1901
Gestuerwen 7. Januar 1989
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Militär, Diplomat, Mierbiolog, Zoolog, Monarch, Aristokrat
Member vun Royal Society
Famill
Kanner Akihito

Den Hirohito (jap.: 裕仁), gebuer den 29. Abrëll 1901 zu Tokio a gestuerwen och do de 7. Januar 1989, war vun 1926 bis 1989, der traditioneller Trounfolleg no, den 124. Tennō (Keeser) vu Japan an deen drëtte vun der moderner Period. No sengem Doud gëtt en a Japan offiziell Shōwa-tennō (昭和天皇) genannt, baussent Japan bleift en als Hirohito bekannt. Seng Regierungszäit war déi bis ewell längst vun der laanger Geschicht vun der japanescher Monarchie an huet vill bedeitend Verännerunge vun der japanescher Gesellschaft kannt, net zulescht den Zweete Weltkrich an d'Suiten dovun. Seng Roll am Zweete Weltkrich, un der Säit vun Däitschland an Italien, gëtt kontrovers diskutéiert; wärend e fir déi eng e Krichsdreiwer war, war e fir déi aner just eng Marionett vun de Militär.

Hie gouf de 26. Januar 1924 mat der Prinzessin Nagako, bestuet, déi duerno Keeserin Kojun housch. Si krute 7 Kanner, dorënner de Krounprënz Akihito, den nächste Keeser.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Mosley, Leonard: Hirohito, Emperor of Japan, Prentice-Hall, Englewood Cliffs, 1966. ISBN 1-111-75539-6 ISBN 1-199-99760-9.
  • Hoyt, Edwin P.: Hirohito: The Emperor and the Man, Praeger Publishers, 1992. ISBN 0-275-94069-1.
  • Behr, Edward: Hirohito: Behind the Myth, Villard, New York, 1989.
  • Bix, Herbert P.: Hirohito and the Making of Modern Japan, HarperCollins, 2000. ISBN 0-06-019314-X
  • Peter Wetzler: Hirohito and War: Imperial Tradition and Military Decision Making in Prewar Japan, University of Hawaii Press, 1998. ISBN 0-8248-1925-X.
  • Kawahara, Toshiaki: Hirohito and His Times: A Japanese Perspective, Kodansha International, 1997. ISBN 0-87011-979-6.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hirohito – Biller, Videoen oder Audiodateien