Hitterchesspill
D'Hitterchesspill ass eng Form vum Trickbedruch, dat sech d'Ausgesi vun engem normalen Geschéckerlechkeetsspill gëtt.
D'Hitterchesspill gëtt besonnesch a méi grousse Stied an de Foussgängerzonen, ëffentlech Plazen oder an Uertschaften, déi vun Touristen iwwerlaf sinn, opgefouert.
Den Hitterchesspiller stellt op enger fester Ënnerlag, déi sech banne kuerzer Zäit "verschwannen doe" léisst, dräi "Hittercher" op. Dat kënnen Nossschuele sinn oder iergendeppes a Form vun engem Dëppchen. Ënner ee vun den "Hittercher" leet de Spiller e klengen Objet, eng Ierz oder e Fixspounskapp. Dacks sti vill Leit ronderëm den Hitterchesspiller, allerdéngs sinn dat Leit déi nëmmen lackele sollen, a meeschtens gewannen dës ageweite vum Spill dann och déi eng oder aner Partie. Doropshi ginn d'Spectateuren opgefuerdert, Suen drop ze verwetten ënner watfir engem "Hittchen" den Objet ass, nodeems de Spillmécher se séier hin an hier geréckelt huet. Wann den Hitterchesspiller säi Fach gutt kennt dann ass nom bewege vun de Schuelen den Objet néirens méi drënner. Elo kann d'Affer säi Gléck probéieren, well et jo gesot krut datt säin Asaz duebel ausbezuelt gëtt am Fall wou hie gewënnt.
Dëst fonctionnéiert gutt bei Touristen déi den Trick net kennen, a well dëse Mobille Bedruch séier ka verschwannen hunn d'Täter och meeschtens eng virdefinéiert Ausstigsstrategie.
Am iwwerdroene Sënn gëtt den Ausdrock Hitterchesspiller fir eng Persoun gebraucht, déi aner Leit iwwert d'Ouer heet, ouni datt déi dat solle mierken.