Hoag's Objet
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Hoag's Objet | |
|---|---|
| Konstellatioun | Schlangen |
| Rektaszensioun | 15St. 17 Min. |
| Deklinatioun | +21° 35’’ |
| Distanz | 600.000.000 Liichtjoer |
| Diameter | 120.000 Liichtjoer |
Beschreiwung [änneren]
Den Hoag’s Objet ass eng aussergewéinlech Galaxis, eng Krees-Galaxis. Jonk blo Stäre forméieren e Krees ëm e Kär aus hellen ale Stären. Dotëschent sinn nëmmen e puer vereenzelt Stären. Den Objet ass entstane wéi virun 2-3 Milliarde Joer eng kleng Galaxis riicht an eng Spiralgalaxis gefall ass.
Geschicht [änneren]
Den Objet gouf 1950 vum Art Hoag entdeckt an no him benannt.
Am Ufank huet den Hoag geduecht, de Rank wir e Gravitatiounslënseneffekt. Mee méi spéit gouf festgestallt datt de Kär an de Rank deeselwechte Redshift hunn. D.h. Si beweege sech mat derselwechter Vitesse vun der Äerd fort.