Holding

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Eng Holding ass eng Gesellschaft, déi Participatiounen an anere Gesellschaften geeréiert. Am Laf vun der Zäit ass d'Aufgabengebidd vun den Holdingen méi grouss ginn. Et gëtt haut verschidde Kategorien vun Holdingen, wéi:

  • Kontrollholdingen, déi der Kontroll vun den Gesellschaften vun engem internationalen Grupp dëngen,
  • Holdingen, déi Investmentfongen géréieren,
  • Finanzéierungsholdingen, déi eng zentral Finanzéierung vun den Entreprisen vu multinationale Gesellschaften sécherstellen,
  • Assurancenholdingen, Captive n, déi zentral Versécherungsaufgaben a multinationale Gesellschaften iwwerholl hunn.

Zu Lëtzebuerg gouf 1929 eng Holdingsgesetzgebung a Kraaft gesat. Si gouf spéider verbessert, fir de Realitéiten vun der wirtschaftspolitescher Entwécklung op der Finanzplaz Rechnung ze droen, an d'Schafe vun dëse verschiddene Kategorien vun Holdingen z'erméiglechen.

Wéi d'Zuel vun den Duebelbesteierungsofkommen mat Lëtzebuerg am Laf vun der Zäit senkrecht geklommen ass, an well d'Holdinggesellschaften nom Regime vun 1929 vum Benefice vun dësen internationalen Konventiounen ausgeschloss sinn, ass spéider e steierlechen Ënnerscheed tëscht den Holdingen nom Regime 1929 an den Sociétés de participations financières (SOPARFI), déi ënner den Droit commun falen, gemaach ginn.

Zanter dem 31. Dezember 2010 ass d'Gesellschaftsform ofgeschaf ginn. Déi meescht Holdinge sinn elo SOPARFIen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Delvaux B., E. Reiffers :Les sociétés holding au Grand-Duché de Luxembourg – Etude pratique de la loi du 31 juillet 1929, Imprimerie Victor Buck, 5e édition, Luxembourg, 1969
  • Couret A., D. Martin:Les Sociétés Holdings, QUE SAIS-JE 1997 , PUF
  • Banque Internationale à Luxembourg: Les sociétés holding au Grand-Duché de Luxembourg, Luxembourg, 1987

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Steierregime vun den Holdingen