Holly Black

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Holly Black

D'Holly Black ass den 10. November 1971 gebuer an am New Jersey opgewuess.

Der Holly Black hir Mamm, eng Molerin a Poppemécherin, huet hir Duechter als Kand fir d'Welt vun der Magie a Fabelwiesen begeeschtert. Als Teenager huet d'Holly Black vill Bicher a Bühnestécker a souguer e Buch, dat awer no hirer eegener Ausso miserabel war, geschriwwen. Spéider huet se e College a Philadelphia besicht an do hiren Ofschloss gemaach.

Zu New York, wou se bei engem Spillmagazin geschafft huet, huet se den Illustrateur Tony DiTerlizzi begéint. An där Zäit huet se och hiren éischte Fantasyroman geschriwwen, dee begeeschtert Kritike krut. Vun der American Library Association ass d'Buch zum Best Book for Young Adults erkläert ginn. Am Summer 2003 ass den éischte Band vun de Spiderwick-Chroniken erauskomm.

Vun der Holly Black ass op Däitsch och d'Jugendbuch Elfentochter (cbj-Verlag) an hiren éischte Jugendroman Die Zehnte (Arena Verlag, 2003; amerikaneschen Originaltitel: Tithe: A Modern Faerie Tale) erauskomm.

D'Holly Black lieft mat hirer Famill am New Jersey.