Holy National Victims

Vu Wikipedia
Holy National Victims
Museksgenre Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 1999
Trennung ?
Websäit MySpace
Memberen Charel Stoltz (Gittar)
Franz Jeitz (Gittar)
Kim J. (Drummer)
Arnaud Fis (Bass)
Alain Schumann (Gesank)
Jean-Paul Mootz (Batterie)

Holy National Victims war eng lëtzebuergesch Rockband.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Wanter 1999 hunn d'Kolleege Charel Stoltz a Franz Jeitz decidéiert, eng Band ze grënnen. Se hate scho laang, inspiréiert vun hire Virbiller Jimi Hendrix a Led Zeppelin, d'Gittarrspille geléiert. Weider Bandmembere ware séier rekrutéiert. Sou koum den deemolegen Drummer Kim J. an de Bassist Arnaud Fis aus hirer Klass. En ale Spillschoulskamerod vum Francis, den Alain Schumann, war déi perfekt Besetzung fir de Gesank. Fir déi nächst Zäit hu se Lidder aus de 70er gecovert, fir d'Zesummespill ze verbesseren. E selwer produzéierten Album, International Vegetable Meeting koum kuerz duerno am Joer 2002 eraus. Nodeem de Kim an England gaangen ass, huet de Jean-Paul Mootz d'Plaz hanner der Batterie ageholl. Hiren éischte richtegen Optrëtt hate se am Joer 2003, wou se beim der lëtzebuergeschen Ausgab vum Talentconcours Emergenza matgemaach hunn an direkt an d'Finall komm sinn. Dëst huet nei Dieren opgemaach an am selwechte Joer konnte se sech op der Haaptbün vum Rock um Knuedler an um e-Lake festival beweisen. Am eegenen Heemstudio gouf dunn um zweeten Album geschafft. Mat 4 Memberen op Universitéiten am Ausland sollt et schwéier ginn, viru Publikum opzetrieden.

Den 13. September 2006 hunn d'Holy National Victims hiren Duebelalbum Take This Ride or You Will Never Know um Plackelabel Winged Skull Records publizéiert.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2002: International Vegetable Meeting (selwer produzéiert)
  • 2006: Take This Ride or You Will Never Know (Winged Skull Records)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]