Hond (Brems)

Vu Wikipedia
Hond (giel) um Enn vun enger Ramm Buggien

En Hond (dt. Faulenzer oder Hund, fr. chien) war am Biergbau d'Bezeechnung fir eng Eisestaang, déi als Hemmmechanismus bei enger Ramm Buggien Accidenter verhënnere sollt.

Wann eng Ramm eng Steigung huet missen erop, da gouf fir de Fall datt eng Kupplungskette géif briechen un dee leschte Buggi eng Eisestaang ugekrämpt, déi ëm e Gelenk gependelt huet a mat hirem spatzen Enn iwwer de Buedem nogeschleeft gouf. Wa Buggie sech vun der Ramm geléist hunn, dann huet dësen Hond d'Buggie géint déi lescht Schwell ofgestäipt.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Marcel Klein, Nationale Minnemuséium zou Rëmëléng, MNM 1985, S. 151
  • Louis Lenz, Der Luxemburger Bergmann in seiner Arbeitswelt, DMKaS asbl 1997, S. 74