Hondssteier

Vu Wikipedia

D'Hondssteier ass eng järlech Steier, déi vun der Gemeng erhuewe gëtt an déi all Proprietär vun engem Hond bezuele muss. D'Héicht vun der Tax gëtt zu Lëtzebuerg vum Gemengerot fixéiert; si ass op d'mannst 10 Euro. Déi aktuell lëtzebuergesch Hondssteier baséiert um Artikel 6 vum Hondsgesetz vum 9. Mee 2008, dat den 20. Februar 2008 an der Chamber gestëmmt ginn ass[1]. Eng Rei vun Hënn si vun der Hondssteier befreit (Art. 8): (a) d'Hënn, déi blannen oder handicapéierte Leit als Guide déngen; (b) d'Hënn vun der Police, der Arméi, der Douane an d'Rettungshënn[2].

Den Historique vun der Hondssteier zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Eng Hondssteier gouf et schonn wärend der éisträichescher Zäit am Herzogtum Lëtzebuerg (18. Joerhonnert) an duerno och am Département des Forêts[3]. Am Groussherzogtum ass d'Hondssteier am Ufank vun den 1820er Joren nees an d'Gespréich komm, a verschidde Gemengen hu si erëm agefouert, als éischt d'Stad Lëtzebuerg (1824)[3]. Zu Iechternach, deemools déi zweetgréisst Stad aus dem Land, huet de Gemengerot am Mee 1825 eng Hondstax gestëmmt; vun der Tax befreit waren d'Mëller, d'Metzleren, d'Klautercher, d'Véihierten (een Hond) an d'Baueren (dräi Hënn)[4]. Déi gesetzlech Basis fir d'Aféiere vun enger kommunaler Hondssteier gouf duerch de kinnekleche Beschloss vum 3. Oktober 1825 geschaaft. Den 1. Januar 1826 huet de Kinnek Wëllem I. déi bis dohin agefouert Hondstaxen approuvéiert. Betraff waren d'Stied Iechternach, Gréiwemaacher, Lëtzebuerg a Veianen an eng Rei Gemengen[5].

Mat der belscher Revolutioun koum e gewëssene Flou op, wat d'Hondstaxe ubelaangt. Eng nei gesetzlech Basis gouf duerch de "Règlement provincial" vum 6. Juli 1838, deen de 24. Juli 1838 vum Kinnek Leopold geneemegt gouf, geschaaft. D'Tax koum awer vun elo un net méi de Gemengen, mä der Keess vun der Provënz zegutt.

Dëst Reglement gouf, nodeem Lëtzebuerg 1839 onofhängeg gi war, an enger éischter Phas duerch Beschloss vun der Regierungs-Kommissioun vum Groussherzogtum vum 3. Februar 1840 confirméiert. Mat Ausnam vun der Stad Lëtzebuerg ass d'Tax an d'Staatskeess gefloss. 1840 gouf dat belscht Reglement an deem Sënn ëmgeännert, datt d'Sue vun elo un nees de Gemengen zoukomme sollten.

D'Gesetz vum 20. Dezember 1864 iwwer d'Hondssteier huet d'Taxen däitlech eropgesat, 20 Frang fir e Wandhond an 8 Frang fir all déi aner Hënn. Dës Beträg sinn duerch d'Gesetz vum 6. Juni 1923 geännert ginn, a vum 1. Januar 1924 u gouf et eng uniform Mindesttax vu 25 Frang fir all Hond[6].

Duerno gouf näischt méi bis 2008 geännert.

De Sënn an den Zweck vun der Hondssteier[änneren | Quelltext änneren]

Ursprénglech hat d'Hondssteier een duebele Sënn: primär goung et drëm, d'Zuel vun den Hënn ze reduzéieren an domat d'Tollwut ze bekämpfen, donieft ass och nach eng Recette geschaaft ginn, mä dat war manner wichteg. D'Iddi vun der Bekämpfung vun der Tollwut duerch d'Aféiere vun enger Hondstax gëtt kloer an däitlech an der uewen ernimmter Deliberatioun vum Iechternacher Gemengerot vun 1825 formuléiert[4]. An den Artikel 6 vum aktuellen Hondsgesetz bréngt och nach haut déi järlech Deklaratioun vun den Hënn ë. a. mat der Kontroll vun der Tollwutimpfung a Verbindung. Eng explizitt Begrënnung fir d'Hondstax ass allerdéngs weeder am Gesetzprojet vun 2002[7] nach am 2008 votéierte Gesetz ze fannen[8].

Literatur (chronologesch)[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, J.A.: Die Hundesteuer in Luxemburg einst und jetzt: historische Aspekte einer aktuellen Debatte. Lëtzebuerger Journal 2008, Nr. 35 (19. Febr.): 26-27. [2] Bibliographie [3]
  • Link, R.: Wo kommt die Hundesteuer her? Tageblatt, 7./8. Juni 2008, S. 24 (Leserforum).
  • Link, R.: Sinn und Zweck der Hundesteuer. Luxemburger Wort, 7. Juni 2008, S. 22 (Briefe an die Redaktion).
  • Link, R.: La taxe sur les chiens: une analyse historique. In: Galerie 27(1), 2009: 7-17.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Art. 6. Il est perçu dans toutes les communes une taxe annuelle sur les chiens, cette taxe ayant le caractère d'un impôt. A cette fin et aux fins du contrôle de la validité de la vaccination antirabique en cours et de l'existence d'un contrat d'assurance garantissant la responsabilité civile pour les dommages causés aux tiers par l'animal, une déclaration est à faire, le 15 octobre de chaque année, sur un formulaire délivré par l'administration communale. Le montant de la taxe annuelle sera de dix euros au moins. Le montant de la taxe et les modalités de son recouvrement seront fixés par chaque conseil communal conformément aux dispositions de la loi communale.
  2. Loi du 9 mai 2008 relative aux chiens. Memorial A, Nr. 62, 15. Mee 2008, S. 852f. Gearchiveerd op 2012-05-07. Gekuckt de(n) 2009-11-22.
  3. 3,0 3,1 Link 2008 (Tageblatt).
  4. 4,0 4,1 Massard 2008.
  5. Arrêté royal du 1er janvier 1826 qui autorise la perception d'une taxe municipale sur les chiens, dans les villes et communes comprises dans l'état ci-joint. Mémorial administratif du Grand-Duché de Luxembourg 1826 (I): 121-132.
  6. Loi du 6 juin 1923, portant majoration du coût des permis de chasse et de pêche et du taux minimum de la taxe sur les chiens. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1923, p. 287-288. [1]
  7. Projet de loi relatif aux chiens. Document parlementaire No 4985. Chambre des députés, session ordinaire 2001-2002.
  8. Massard 2008; Link 2008 (Luxemburger Wort).