Honorio Siccardi

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Honorio Siccardi (* 13. September 1897 zu Buenos Aires, † 10. September 1963 zu Lomas de Zamora) war een argentinesche Komponist.

Hien huet zu Buenos Aires beim Felipe Boero an Ernesto Drangosch Piano a beim Arturo Berutti a Gilardo Gilardi Harmonieléier studéiert. 1918 goung en an Italien, fir seng Ausbildung um Conservatoire vu Parma weider ze maachen. Do war hien ee Schüler vum Gian Francesco Malipiero.

En huet dräi Opere komponéiert, zwéi Balleten, eng Symphonie, zwou Argentinesch Suitten, ee Geien- an ee Pianosconcert, e puer Chouerwierker a Lidder. Donieft huet en och musekwëssenschaftlech Wierker erausginn.