Horizontal Signalisatioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Horizontal Signalisatioun ass den Ausdrock, dee gebraucht gëtt, fir am Stroossebau déi Zeechen oder Markéierungen ze nennen, déi op d'Strooss gesprëtzt oder gemoolt ginn.
Si markéieren a begrenzen d'Fuerbunnen, ginn un, ob een iwwerhuelen daarf oder net, weisen d'Fuerrichtung, wou ee stallhalen oder d'Prioritéit deenen anere loosse muss, wou Foussgänger iwwer d'Strooss däerfen ("Zebrasträifen") a widderhuelen heiansdo déi vertikal Signalisatioun oder en Deel dovunner.
| Commons: Road markings – Biller, Videoen oder Audiodateien |