Bréck vu Ranville

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Horsa-Bréck)
Déi al Dréibréck

D'Bréck vu Ranville oder Horsa-Bréck ass eng Bréck iwwer d'Orne tëscht Ranville a Bénouville am Calvados.

Déi haiteg Bréck ass eng Dunnebréck aus Béton armé vun 1971 déi déi fréier Dréibréck vun 1870 ersat huet. Iwwer d'Bréck déi ronn 80 Meter laang ass féiert d'Departementsstrooss D514. Bis an d'1930er Jore sinn d'Tramme vun de Chemins de fer du Calvados op der Streck Caen-Dives iwwer d'Bréck gefuer. Déi al Bréck war eng stolen Dréibréck aus Cantilever-Fachwierkdunne mat variabeler Héicht. D'Pläng ware vum Gustave Eiffel. Si war 110 Meter laang a 6,10 Meter breet. Den dréibaren Deel war 66,30 m laang a stoung op engem ronne Flosspilier vu 7,90 m Duerchmiesser. Déi iwwer 17 Meter déif Fëllementer waren nom Triger-Loftdrockprocédé vum Entreprener Castor vu Paräis gebaut ginn. Steemetzeschaarbechte ware vum Jeanne Deslandes engem Entreprener vu Lisieux gemaach ginn. De stolen Tablier war vun den Ateliere vu Creusot gemaach ginn. D'Aarbechte goufen tëscht 1869 an 1870 ënner Opsiicht vum Agent voyer en chef Guillot ausgefouert. Wéi dunn an den 1890er Joren den Zuch sollt driwwer fueren huet d'Bréck déi fir eng Achslaascht vu 5 Tonnen ausgeluecht war, misse komplett verstäerkt ginn. Déi Verstäerkunge goufen an den éischte Méint vun 1892 gemaach, fir datt en Zuch mat 72 Tonne Maximalcharge konnt driwwer fueren.[1]

Aus där Zäit ass en Accident bekannt bei deem de Lokomotivführer ze spéit gemierkt hat, datt Bréck net zou war an doduerch d'Lokomotiv net méi mat Zäite konnt bremsen a mat der Nues an de Bulli gefall war.

Si krut den Numm Horsa-Bréck als Erënnerung un d'Horsa-Laaschtesegeleren mat deenen eng Unitéit vun der 6. brittescher Loftlandedivisioun bei der Operatioun Deadstick do gelant ass. Déi Unitéit hat als Missioun d'Bréck z'erueweren a si stoung ënner dem Kommando vum Majouer John Howard.

D'Zaldote si mat zwéin Horsa-Laaschtesegeleren[2] de 6. Juni 1944 kuerz no Hallefnuecht knapps honnert Meter vun der Bréck ewech gelant ouni datt et den däitschen Zaldoten opgefall war. Dräi aner Seglere mat engem zweete Kommando sollten d'Nopeschbréck erueweren déi spéider Pegasus-Bréck genannt gouf. All Kommando bestoung aus ongeféier 30 Mann. Bei där Operatioun goufen 2 Britten erschoss a 14 blesséiert. Den éischte Gefalene bei där Aktioun a vun der Invasioun de Läitnant Brotheridge läit um Kierfecht vu Ranville wou eng Plack un hien erënnert, grad sou wéi un déi éischt franséisch Famill déi befreit gouf.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Magron H. Guide illustré du tramway de Caen à la mer 1899
  2. eigentlech sollten et der dräi sinn, awer den drëtten hat sech verflunn a war 10 Kilometer méi wäit gelant an déi Zaldote konnten eréischt e puer Stonne méi spéit den Uschloss mat hire Komerode maachen, déi an der Tëschenzäit d'Bréck am Grëff haten