Horst Köhler

Vu Wikipedia
Horst Köhler
Gebuer 22. Februar 1943
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Eberhard Karls Universitéit Tübingen
Aktivitéit Politiker, Ekonomist
Partei CDU
Member vun Club de Rome

Den Horst Köhler, gebuer den 22. Februar 1943 zu Skierbieszów (deemools Heidenstein) a Polen, war vum 1. Juli 2004 bis den 31. Mee 2010 de Bundespresident vun Däitschland.

An den 1960er war de Köhler zwee Joer Zaldot zu Ellwangen a goung als Léitnant of. Vun 1965 bis 1969 huet en op der Universitéit Tübingen studéiert, an ass 1969 diploméierten Ekonomist ("Diplom-Volkswirt") ginn.

Vun 1976 bis 1980 war hien am Ministère fir Wirtschaft an Technik an der Grondsazabteilung täteg. 1981 ass hie Member an der CDU ginn. 1982 gouf hie Chef vum Ministerbüro an der Ënnerabteilung I A am Finzanzministère. 1987 gëtt hie Chef vun der Abteilung I am Finanzministère. Vun 1989 un ass e Chef vun der Abteilung VII. Vun 1990 bis 1993 war hie Staatssekretär am Finanzministère. 2000 gouf hien Direkter vum Internationale Wärungsfond.

Den 23. Mee 2004 gouf den Horst Köhler als Bundespresident vun Däitschland gewielt, a vum 1. Juli un war hien offiziell Bundespresident.[1] Hie gouf den 23. Mee 2009 a sengem Amt confirméiert.

Hien huet den 31. Mee 2010 säi Récktrëtt bekannt gemaach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Horst Köhler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Biographie vum Horst Koehler op der offizieller Websäit vum däitsche Bundespresident Gearchiveerd op 2010-02-21. Gekuckt de(n) 2008-06-08.