Hortensen

Vu Wikipedia
Jonk Blieder

D'Hortensen, Hydrangea, si kleng Traisch, Kloterplanzen oder Beem, déi vun Natur aus an Ostasien, an an Nord- a Südamerika doheem sinn. Et gëtt ongeféier 80 Aarten dovun. Et gëtt där déi ëmmer gréng sinn, an anerer déi hir Blieder am Wanter verléieren. Déi déi hir Blieder verléieren, kréien am Hierscht eng staark rout oder brongrout Faarf.

Hir Bléie bestinn aus klenge fruchtbare Bléien, an aus grousse Schäibléien. Déi bekanntst déi en Europa fënnt ass d'Gaardenhortense Hydrangea macrophylla vun där et eng ronn 30 verschidden Zorte gëtt, an deenen hir Traisch kënne bis 1,5 m héich ginn.

Déi eenzel Bléie stinn zesummen op engem Still a bilden e groussen, meeschtens kugelfërmege Kapp. Et ënnerscheet en tëscht deene mat ronne Käpp, an deene mat flaache Käpp. An de Faarwe gëtt et Wäisser déi hir Faarf ni änneren, a Faarweger déi hir Faarf mat dem pH-Wäert vum Buedem änneren. Den Aluminiumgehalt vum Buedem spillt dobäi eng Roll. Op sauere Biedem kritt ee blo Bléien, an op Biedem mat engem héije pH sinn d'Bléie rosa bis rout. Wann de Buedem neutral ass, kann een duerch Zousaz vun Aluminiumsalzen, d'Faarf änneren, déi doduerch an d'Blot iwwergeet.

Am beschte gi s'op Plazen an der Sonn, oder am Hallefschied. Se verdroe kalen an dréchene Wand schlecht. De Buedem soll frësch a gutt drainéiert sinn. Op Biedem déi kallekräich an net déifgrënneg sinn, leide se ënner der Chloros.

Et kann een se mat Som zillen, deen am Mäerz geséint gëtt, oder mat Gammen, bei den Zorten déi d'Blieder verléieren, an déi een am beschten am Juni mécht. Wann ee Gamme vun de verholzte Stiller wëll maachen, ass de Januar déi bescht Zäit.

Ënnerschiddlech Hortensen an der Bléi[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hydrangea – Biller, Videoen oder Audiodateien