Hospice civil am Pafendall

Vu Wikipedia
Hospice civil am Pafendall
2013
Plaz Pafendall
Adress rue Mohrfels
Koordinaten 49° 36’ 45.70’’ N
      06° 08’ 08.62’’ O

Den Hospice civil am Pafendall ass e fréiert Zivilhospiz, dat haut als Ëffentlecht Etablissement der Stad Lëtzebuerg ënnersteet.[1]

Et läit laanscht d'Uelzecht, op der Muerbels. Et gouf 1843 am Gebai vum fréiere Klarisseklouschter installéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Klarissinnen haten um Enn vum 17. Joerhonnert hiert Klouschter um Hellege-Geescht-Plateau misse verloossen, well de Vauban déi Plaz fir den Ausbau vu senge Befestegungsanlage gebraucht huet. Den 18. Mäerz 1690 si si an hiert neit Gebai an der Muerbelsstrooss am Pafendall erageplënnert. 1784 gouf d'Klouschter, wéi vill anerer och, vum Joseph II. opgeléist.

Nodeems d'Gebai 60 Joer eidel stoung, huet d'Zentralverwaltung vum Zivilhospiz et opkaf, an d'Pensionnaire vum Hospiz aus der Mënsterstrooss (dem Hospice Saint-Jean) si mat hirem Fleegepersonal, de Schwëstere vum Elisabetherinnenuerden, den 30. Juli 1843 an de Pafendall geplënnert.[2]

1999-2003 gouf d'Gebai no Pläng vum Georges Reuter komplett renovéiert; d'Renovéierungsaarbechten hunn 31,5 Milliounen Euro kascht, wouvun de Staat 16,5 Millionen Euro iwwerholl huet, d'Stad Lëtzebuerg 7,2 Milliounen, an de Rescht gouf duerch de Verkaf vun Terrainen, déi zum Hospiz gehéiert haten, gedeckt.[3] Et huet ewell de Statut vun engem Centre intégré pour personnes agées (CIPA), mat 101 Zëmmeren.[2]

Zum fréiere Klouschter gehéiert och eng kleng Kierch, där hir Uergel als Nationaalt Monument klasséiert ass.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch vum Hospice civil am Pafendall.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • 700 Jahre Hospitalgeschichte in der Stadt Luxemburg: de l'Hospice Saint-Jean à l'Hospice civil, 2009, verschidden Auteuren, MediArt Luxembourg, 116 S., ISBN 978-99959-635-1-4
  • Gaston Holzmacher: "Das Bürgerhospiz." in: ons stad Nr.13, 1983, S.20-21.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hospice civil am Pafendall – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Hospice de Pfaffenthal - Le bâtiment." op vdl.lu, gekuckt 2015-07-22.
  2. 2,0 2,1 Uli Botzler: "Zivilhospiz Pfaffental". in: ons stad Nr.81, 2006, S. 2-7.
  3. "Stater Chronik: Zivilhospiz in neuem Glanz." in: ons stad Nr.73, 2003, S.32-33.