Hospice Saint-Jean
Den Hospice Saint-Jean war en Hospice an der Mënstergässel (rue Münster, och nach Schelmergaass genannt) am Stadgronn. Et goufen nëmme Stater Bierger opgeholl.
1997 huet den Nationalmusée fir Naturgeschicht (Naturmusée) an dëse Gebaier seng Dieren opgemaach.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Nationalmusée fir Naturgeschicht ![]()
Inhaltsverzeechnes |
Historesches [änneren]
D'Originne ginn zréck bis 1308. Dat Joer hunn de Grof Heinrich VII. a seng Fra Margréit vu Brabant decidéiert fir am Gronn en Hospice fir krank an aarm Bierger ze bauen. Dernieft gouf och eng Kierch ënnert dem selwechten Numm gebaut, d'Kierch Saint-Jean. Duerch de Balduin vu Lëtzebuerg, Brudder vum Heinrich VII., Kurfürst a Bëschof vun Tréier, krut d'Kierch de Rang vun enger Parkierch mat alle Privilegien zougesprach.
Den Hospice gouf ufanks vu Geeschtleche gefouert.
1547 iwwerhuelen d'Benediktiner aus der Abtei Almënster (gegrënnt 1083 vum Konrad I. a 1543 zerstéiert) den Hospice. Si waren obligéiert e neit Spidol do ze bauen, wat 1550 fäerdeg war. Et huet sech erausgestallt datt de Neibau ze kleng war a sech net gëeegent huet fir den Zweck deen e soll erfëllen. Den Ëmstand datt d'Spidol 1626 als Peschtlazarett benotzt gouf, huet aner Kranker ofgeschreckt fir sech do fleegen ze loossen. 1667 war d'Spidol komplett verschëlt an der Kierch gouf den Titel "Parkierch" zugonschte vun der neier Neimënsterabtei entzunn, déi direkt derniewent gebaut gi war. D'Situatioun war esou schlëmm datt de Provënzialrot an d'Stad Lëtzebuerg d'Awunner opgeruff huet fir ze spenden. Déi Aktioun hat e grousse Succes an 1669 konnte nei Gebaier an der Mënsterstrooss opgeriicht ginn. An där Zäit geet och fir d'éischt riets vun Dokteren an Uerdensschwësteren, déi am Spidol geschafft sollen hunn.
De 6. Juli 1672 gi Nonnen offiziell mat der Fleeg am Spidol chargéiert, ënnert der Konditioun datt s'och ambulant Krankefleeg an der Stad génge maachen.
Bei der Eruewerung vun der Stad duerch de Louis XIV. vu Frankräich am Joer 1684 goufen d'Gebaier sou staark beschiedegt datt d'Pensionnaire vum Spidol op de Fëschmaart an d'Haus Zorn hu misse verluecht ginn. Nodeems d'Spidol 1689 erëm bewunnbar war, koumen d'éischt emol déi krank a blesséiert Zaldoten, déi virdrun am franséische Militärlazarett am Bouneweger Klouschter gefleegt goufen, do ënnerdaach, bis dat neit Militärspidol am Pafendall fäerdeg war.
1756 goufen et am Spidol 18 Better an 20 Nonnen.
Während der franséischer Besatzungszäit (1795 - 1814) gouf den Hospice benotzt als Weesenhaus, als Prisong fir Geeschtlecher déi den Eed, deen d'franséisch Revolutiounsregierung verlaangt huet, refuséiert hunn, als Ënnerdaach fir Heescheleit a Vagabunden an als Erzéiungsanstalt fir Meedercher.
Den 30. Juli 1843 goufen d'Pensionnäre vum Hospice mat dem Fleegpersonal, de Schwëstere vum Elisabetherinnen-Uerden, an d'Gebaier vum Hl. Geescht-Klouschter an de Pafendall (Mohrfelsstrooss) verluecht, en Haus dat haut nach als Alters- a Fleegeheim besteet.
1851 gouf aus denm Hospice e Fraëprisong mat enger Behandlungsstatioun fir Geschlechtskrankheeten. Als Wuechtpersonal goufen d'Schwëstere vum Franziskaneruerden engagéiert déi, ouni Ënnerbriechung, vum 1. Juni 1851 bis 15. Juli 1978 do hire net ëmmer einfachen Déngscht geleescht hunn.
De Fraëprisong am Gronn bestoung bis den 12. Mee 1984, bis de neie Prisong zu Schraasseg opgaang ass.
Gebai [änneren]
Iwwer der Entrée op Nummer 25 vun der rue Münster sinn dräi Wopen ze gesinn. Deen ieweschten ass de Wope vum Karel II. vu Spuenien, dee 1674, wéi den Hospice nei opgebaut gouf, zu Lëtzebuerg regéiert huet. Op der lénkser Säit ass de Wope vum Herzogtum Lëtzebuerg mat dem roude Léiw. Op der rietser Säit ass de Wope vum Philipp de Croy, deemools Gouverneur vu Lëtzebuerg.[1]
Drënner steet en Text, dee vun zwou Statuen flankéiert gëtt. Déi eng stellt den Hellege Vinzenz vu Paul duer an déi aner d'Helleg Maria Magdalena.
ANCIEN HOSPICE SAINT-JEAN FONDE A CET ENTDROIT EN 1308 PAR HENRI VII DE LUXEMBOURG ET MARGUERITE DE BRABANT RECONSTRUIT EN 1674 PAR LES RELIGIEUSES DE SAINTE ELISABETH QUI L'ONT DESSERVI JUSQU'EN 1843 ANNEE DU TRANSFERT AU PFAFFENTHAL
Ënnert enger Niche mat enger Statu an der Mauer, lénks vun der Entrée, steet:
CaroLo regnante Montereo VICes regIas beLgIo gerente phILLIppo ahrenbergIo gVbernante hospItaLe sanCto IohannI saCratVr
mat folgender franséischer Iwwersetzung:
Sous le règne de l'empereur Charles, Monterrey gouvernant la Belgique, Philippe d'Arenberg administrant [le Luxembourg], cet hôpital est consacré à St Jean.
Literatur [änneren]
- Beck, H., 1995. L'Hospice St.-Jean au Grund. ons stad no. 50, S. 2-3.
- Kugener, H., Krankenpflege und Spitalwesen in Mittelalter und Neuzeit. ons stad no. 50, S. 4-9.
- Pauly, Michel, 2012. St. Elisabeth und St. Johann - Zwei Hospitäler in der mittelalterlichen Stadt Luxemburg. Ons Stad 100: 14-17. (Pdf)
- Pauly, M. & P. Bertems (Koord.), 2009. De l'Hospice Saint-Jean à l'Hospice civil. 700 Jahre Hospitalgeschichte in der Stadt Luxemburg. Editions mediArt, 116 S. ISBN 978-99959-635-1-4. Cote BNL LBB 901.
- Spielmann, A., 1995. La prison pour femmes - ou le tout carcéral. ons stad no. 50, S. 10-11.
- Schaus, R., 2010. [Titel? ]. Die Warte, 14/2292, 29. Abrëll 2010, S.5.