Hotel Staar

Vu Wikipedia
Lénks am Bild, den Hotel Staar ëm 1920

Den Hotel Staar war en Hotel am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. E louch op der Spëtzt vun der Aler an der Neier Avenue.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

Do wou virdun den Hotel de la Gare[1],[2] stoung, hunn d'Gesëschter Staar 1904 vum Léon Suttor en neien Hotel opriichte gelooss, deen dunn hiren Numm gedroen huet.

Am Zweete Weltkrich war den Hotel rechtméisseg vun den Ierwen un d'Zivilverwaltung verkaaft ginn; bis zum Enn vum Krich war déi däitsch Police am Gebai ënnerbruecht. No der Befreiung ass d'Gebai beschlagnahmt ginn an et goufen eng Rei staatlech Büroen dran installéiert.

1968 ass d'Gebai vun der Spuerkeess kaaft ginn; de fréieren Hotel gouf 1970 ofgerappt an et gouf vum Architekt Paul Retter en neit Gebai opgeriicht.

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Den Hotel Staar, op der Spëtzt vun den zwou Avenuen a mat senge ronnen Tierm zu béide Säiten, huet wéi eng Agangspaart an d'Stad gewierkt.

Zur Säit vun der Aler Avenue hat den Hotel uganks eng Veranda, déi awer wéinst dem Verkéier deen ëmmer méi zougeholl huet, 1934 vum Architekt Georges Traus als Restaurant ëmgebaut gouf.

Den Hotel Staar war ee vun de groussen Hotellen an der Stad an hat deemools schonn e Lift a privat Garagen. Den Hotel war och ekipéiert fir selwer elektresche Stroum ze maachen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hotel Staar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart Lëtzebuerg moderne: Liebeserklärung an die Hauptstadt Säit 201, Édition Maison Moderne, 2013, ISBN 978-99959-33-07-4
  2. Anere Quelle no war et den „Hotel des Voyageurs“; kuck „L'hôtellerie de la belle époque“ an Ons Stad Nr. 88/2008, S. 25