Hotel de Gerden

Vu Wikipedia
Hotel de Gerden
Den Hotel de Gerden no der Renovatioun (Mäerz 2015)
Land Lëtzebuerg
Plaz Plëss d'Arem
Koordinaten 49° 36’ 40’’ N 06° 07’ 42.9’’ O

Den Hotel de Gerden, och nach als "Schengenhaus" bekannt, war fréier en Härenhaus an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. D'Gebai läit op der Plëss d'Arem vis-à-vis vum Cercle; et grenzt am Norden un d'rue de la Poste an am Süden un d'avenue Monterey; am nordëstlechen Eck ass eng kleng Plaz, de square Jan Palach, wou d'Dicks-Lentz-Monument steet.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

D'Haus gouf am 18. Joerhonnert fir de Schmelzhär Thomas de Ryaville gebaut. Duerno koum et an de Besëtz vum Baron Guillaume d'Arnould. 1790 ass d'Haus vum François-Willibrord de Gerden kaaft ginn, dee Sekretär vum Conseil souverain war.

Wéi 1794 Lëtzebuerg vun de Franséische Revolutiounstruppen ageholl gouf, huet sech den de Gerden mat de Suen déi hie verwalte sollt duerch d'Bascht gemaach. Hien ass strofrechtlech verfollegt ginn a gouf enteegent.

Den Hotel de Gerden ass duerno fir verschidden Zwecker gebraucht ginn: vun 1815 bis 1867 war et d'Kommandantur, d'Gebai an deem de Generalkommandant vun der Festung gewunnt huet a vun 1877 un war d'Banque nationale dran, bis déi 1882 Faillite gemaach huet.

Duerno ass d'Gebai vum Staat iwwerholl ginn, dee verschidde Verwaltungen dran installéiert hat: de Staatsrot, de Kadaster, an d'Chambre des comptes.

D'Cour des comptes, als Nofollger vun der Chambre des comptes, ass haut nach am Gebai dran.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hôtel de Gerden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]