Houseker

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
1953: En Houseker am Elsass

Den Houseker ass eng Seechefigur, deen als Gesell vum Kleeschen um Virowend vum 6. Dezember optrëtt. Seng Aufgab ass et dem Brauch no, de Kanner Angscht ze maachen an se ze bestrofen, wa se sech net geschéckt hunn.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg kennt een den Houseker ënner verschiddene Nimm. Am ieweschten Éislek gëtt (oder gouf) e Ruppert, Schwaarzen, Pelzebock oder Hans Muff genannt. Dem Alain Atten no geet den Numm "Houseker" op d'Zäit vum Klëppelkrich zréck, an zwar op d'Leit vun der Klëppelarméi, déi hiren Haaptquartéier zu Housen haten. "Houseker" wier deemno "ee vun Housen", e Klëppelmann.[1]

Nom Nico Thewes kennt den Numm Houseker, am Miseler Dialekt "Husiker", etymologesch vum mëttelhoudäitsche Wuert die hosecke oder die husicke, dat ee mat Mantel iwwersetze kann. Am Géigesaz vum Kleeschen, huet den Houseker keng Mitra un, mä nëmmen e Mantel. Ob am Mëttelhoudäitschen d'Wierder "hosecker" oder "husicker" och an aneren Géigende bekannt waren, léisst sech haut net méi soen.[2]

Den Edmond de la Fontaine nennt nach aner Nimm: An der Stad Lëtzebuerg gouf dem Kleesche säi Gesell fréier Kibo genannt, an um Land, zum Beispill am Éislek, housécher Bock.[3] Zu Iechternach gouf vum Husiger oder Husiger Man geschwat. Zu Veianen gouf/gëtt e Pelzebock genannt, grad wéi an der Géigend ëm Saarburg.

Wéi den Houseker duergestallt gëtt[änneren | Quelltext änneren]

Dem Hellege Niklos säi Gesell gëtt virun allem mat geschwäerztem Gesiicht a laange schwaarzen Hoer duergestallt, an huet dacks e brongen oder schwaarze Rack un. A sengem Grapp huet en eng Ketten, mat där en de Kleeschen a sech ukënnegt. Während de Kleeschen d'Kanner mat Orangen, Nëss a Cadeaue beloune soll, ass dem Houseker seng Roll, d'Kanner ze bestrofen, wa se net brav waren. Dofir verdeelt e Rudden, déi a Peffer a Salz oder an Esseg gezappt goufen. Iwwer d'Schëller huet en e Sak hänken, an deen d'Kanner gestach ginn, wa se sech guer net geschéckt hunn.

Fréier hat den Houseker och nach eng Hechel iwwer de Réck gestréckt. Doriwwer schreift den Dicks a sengem Luxemburger Sitten und Bräuche dat heiten:

"Zu bemerken ist, daß die Hechel, welche der Hǒséker trägt, weniger den Kindern – für die ja der Sack oder die Ruthe bestimmt ist – als den Spinnerinnen gilt; denn alle diejenigen Frauenzimmer, welche zu dieser Zeit noch keine sechs Spulen voll gesponnen haben, werden unsanft auf die Hechel gesetzt."

Den Houseker an anere Länner[änneren | Quelltext änneren]

Krampusse vu Salzburg

An anere Länner trëtt de Kleeschen och mat engem Gesell op. Hei ënnerscheede sech déi donkel Gesellen awer dacks, net nëmmen duerch hiren Numm:

  • Holland: Hei nennt een en de Zwarte Piet (schwaarze Péiter). An der Seechen ass hien e Sklavekand aus den afrikanesche Länner, dat vum Sinterklaas d'Fräiheet geschenkt krut an als Merci säi Gesell gouf. Am Géigesaz zu de gezeemten Däiwelen, gëtt de Schwaarze Péiter gréisstendeels positiv duergestallt.
  • Däitschland: de Knecht Ruprecht ass am nërdlechen a mëttleren Däitschland den Numm vum Kleesche sengem Gesell. Hie gläicht dem Mann mat der Séissel an erënnert un den Doud.
  • an den éisträichesch-bayreschen Alperegiounen: Hei kritt de Kleeschen Hëllef vu Wiesen, déi ee Krampus nennt. Si verkieperen den Däiwel oder soss Schreckgestalten aus der Ënnerwelt. Si begleeden de Kleeschen a gréissere Gruppen, déi een da Pass nennt. Si gi ganz pelzeg duergestallt. Hir Gesiichter sinn elle Fratzen an um Kapp hunn se Haren, déi u Geessen erënneren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Houseker – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Houseker – Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Alain Atten: Néierewou. En Heckebuch. Mat Biler vum Pe'l Schlechter. Lëtzebuerg: Editions Kremer-Muller, 1992, S.143.
  2. Nico Thewes, Etymologesch Notiz iwwert den "Housécker", Luxemburger Wort, 6.12. 2014, S. 23. Hie bezitt sech op d'"Mittelhochdeutsches Lexikon" vum Matthias Lexer (S. Hirzel Verlag, Stuttgart)
  3. Edmond de la Fontaine: Luxemburger Sitten und Bräuche (2. Auflage), Säit 12: St. Nikolaus (6. Dezember)