Howard Vernon

Vu Wikipedia
Howard Vernon
Gebuertsnumm Mario Walter Lippert
Gebuer 15. Juli 1908
Baden-Baden
Gestuerwen 25. Juli 1996
Issy-les-Moulineaux
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Schwäiz, Frankräich
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher

Den Howard Vernon, gebuer als Mario Walter Lippert de 15. Juli 1914 zu Baden-Baden, a gestuerwen de 25. Juli 1996 zu Issy-les-Moulineaux, am Departement Hauts-de-Seine, war e Schwäizer Schauspiller.

Den Howard Vernon huet an iwwer 190 TV- a Kinosfilmer matgespillt.

Seng Schauspillercarrière huet hie mam Film Boule de suif (1945) vum Christian-Jaque, no engem Roman vum Guy de Maupassant ugefaangen. 1947 hat hien eng Haaptroll am Film Le silence de la mer vum Jean-Pierre Melville, Hie war besonnesch am Kino an Niewerollen ze gesinn an dat a bedeitende Filmer wéi Si Versailles m'était conté... (1954) vum Sacha Guitry, Napoléon (1955) och vum Sacha Guitry, Die 1000 Augen des Dr. Mabuse (1960) vum Fritz Lang, Alphaville, une étrange aventure de Lemmy Caution (1965) vum Jean-Luc Godard mam Eddie Constantine, Love and Death (1975) vum Woody Allen an am Joer 1991 Delicatessen vum Jean-Pierre Jeunet a Marc Caro.

Vun den 1960er Joren un huet hien an iwwer 30 Filmer vum spuenesche Filmregisseur Jesús Franco matgespillt. Des Filmer mat engem klenge Budget waren haaptsächlech Horrorfilmer, Vampirfilmer an erotesch Filmer mat meeschtens deene selwechte Schauspillerinne wéi Soledad Miranda, Anne Libert, Britt Nichols a Lina Romay.

Am Joer 1988 hat hien och eng Roll am Kuerzfilm Somewhere in Europe vum lëtzebuergesche Filmregisseur Pol Cruchten.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

vun 1945 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1989[änneren | Quelltext änneren]

vun 1990 bis 1996[änneren | Quelltext änneren]

Theater[änneren | Quelltext änneren]

  • 1945: Un ami viendra ce soir vum Yvan Noé a Jacques Companeez,
  • 1958: La bagatelle vum Marcel Achard, (Théâtre des Bouffes-Parisiens)
  • 1983: Le marchand de Venise vum William Shakespeare, (Théâtre Gérard-Philipe)
  • 1988: Le conte d'hiver vum William Shakespeare, (Festival d'Avignon), (TNP Villeurbanne)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]